Search

You may also like

Lëtzebuerg huet d’EU-Verbuet vun Insektizide matgedroen
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg huet d’EU-Verbuet vun Insektizide matgedroen

De Bernie, déi opbloosbar Bei, déi vum Kollektiv Avaaz virun

Ëffentlech Enquêten: De Marc Hansen presentéiert www.enquetes-publiques.lu
International Neiegkeeten

Ëffentlech Enquêten: De Marc Hansen presentéiert www.enquetes-publiques.lu

Gëschter huet de Marc Hansen, delegéierte Minister fir Digitalisatioun an

Réidener Schwämm a seng nei Rutschen – bereet naass ze ginn?
International Neiegkeeten

Réidener Schwämm a seng nei Rutschen – bereet naass ze ginn?

Gëschter Mëtteg sinn an der Réidener Schwämm déi zwou nei

Teheran erhéicht Uran-Reserven

Den Iran verstéisst géint en Accord deen et esou guer net méi gëtt, mee muss sech d‘Kritik vun der IAEA gefale loossen

Teheran erhéicht Uran-Reserven

Nodeems den Donald Trump héchstperséinlech d‘Atomofkommes mat Teheran zerrappt hat, fillen sech d‘Ajatollahen dësem Text net méi verflicht. Déi aner Signataire géifen den Iran gären derzou beweegen sech awer weiderhin drun ze halen, mee wierklech Efforten hu seng gemaach an déi den Iraner versprache Wirtschaftsentwécklung gouf et och net, well d‘USA dat verhënnere konnten.

Ënnert esou Viraussetzungen, sollt ee sech wierklech net wonneren, datt déi iranesch Regierung – déi jo och nees zolidd mat US-Sanktioune beluecht gouf, elo awer, nodeems de Waffenembargo opgehuewe ginn ass, nei Fräiraim huet – kee seriéise Grond dofir huet, ouni Géigeleeschtung op déi vun der IAEA getätegt Fuerderungen anzegoen. An d‘UN-Agence mat Sëtz zu Wien ass alarméiert.

Laut der internationaler Atomagence, déi elo hiren trimesterielle Bericht virgeluecht huet, erhéicht den Iran seng Reserven un niddreg ugeräichertem Uran, a géif esou géint, déi am Ofkommes vun 2015 getraffe Vereenbarung verstoussen. Esou verfügen d‘Ajatollahen aktuell iwwert ronn 2.400 Kilo un niddreg ugeräichertem Uran, wärend entspriechend dem Ofkommes et der 200 dierfte sinn.

Zu Wien ass een zudeem och eppes veriergert doriwwer, datt Teheran nach ëmmer keng uerdentlech Begrënnung dofir geliwwert huet, firwat Uran-Partikel an enger net als Atomstanduert deklaréierter Ariichtung fonnt goufen. Laut der IAEA géif déi chemesch Signatur vun den Atomspuren deene vun den Zentrifugen entspriechen, déi d‘Ajatollahen sech beim Noper Pakistan besuergt huet.

Teheran

Et wier och nogewise ginn, datt entgéint dem Ofkommes, éischt fortschrëttlech Zentrifugen an ënnerierdeschen Anlagen opgestallt goufen. Zu all deem hätt déi Wiener Agence eng ëmfaassend Erklärung. D‘IAEA huet allerdéngs sengersäits nach ëmmer net erkläert, aus wéi engem gudde Grond, den Iran sech un en Ofkommes ze halen huet, datt et esou an der Praxis einfach net gëtt.

Natierlech hu besonnesch déi europäesch Signatairen (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien) e gréissert Interessi drun, datt Teheran sech un den Accord hält. Leider konnte wéinst dem Drock dee vun den USA ausgeet, keng Entreprise laangfristeg Investitiounen am Iran tätegen, well si da vun den Amerikaner sanktionéiert gi wieren. D‘Amerikaner wëllen nach ëmmer ee Regierungswiessel.

mat indymedia/nyc/vie

Foto: © International Atomic Energy Agency

Related topics Atomkraaft, Atomofkommes, Atomwaffen, IAEA, Iran, Teheran, Uran
Next post Previous post