Search

You may also like

Brunei: Sharia soll verstäerkt ëmgesat ginn
International Neiegkeeten

Brunei: Sharia soll verstäerkt ëmgesat ginn

Trotz internationale Protester huet d‘Regierung vum Sultanat Brunei seng Legislatioun

E Monument fir S.A.R. de Groussherzog Jean
International Neiegkeeten

E Monument fir S.A.R. de Groussherzog Jean

Um 5. Januar 1921 ass S.A.R. de Groussherzog Jean op

Casting fir „The Voice“ am Kinepolis
International Neiegkeeten

Casting fir „The Voice“ am Kinepolis

Fir déi grouss Talentshow „The Voice“ déi zënter Abrëll 2011

Teheran stéchelt, Washington beschwichtegt

D‘Iraner goufen erausgefuerdert, haten eng Äntwert versprach an hunn elo éischt Picke lancéiert

Teheran stéchelt, Washington beschwichtegt

Datt sech d‘Lag an der Golfregioun duerch d‘Ermordung vum iranesche Generol an Nationalheld, Quassem Soleimani, net géif verbessere war kloer. D‘Eskalatioun ass deraart ersiichtlech datt déi irakesch Regierung elo d‘Auslänner opgefuerdert huet d‘Land ze verloossen. Dat gëllt besonnesch fir d‘US-Zaldoten, firwat den Donald Trump dem Land erhieflech Sanktioune versprach huet.

An dës Nuecht, fënnef Deeg nom geziilten an op Uerder vum Donald Trump ausgefouerte Mord, goufen zwee US-Stëtzpunkten am Irak mat Rakéite beschoss. Eigentlech genee dat vun deem den US-President den Ajatollahe vun Teheran ofgeroden huet, well hie soss déi persesch Kultur vun der Landkaart géif läschen. Elo heescht et Faarf bekennen, an de Wierder Dote folge loossen.

TeheranGanz esou einfach ass dat awer net, firwat sech den amerikanesche „GröFaz“ nach net zum Ugrëff op den Iran duerchgerongen huet. Op Twitter gëtt dann déi eigentlech Provokatioun erofgespillt a behaapt alles wier gutt, et géif een elo emol kucke wat zu Broch gaangen ass an op et Affer géif ze bekloe ginn. Dobäi hätt een erwaart, datt ee Bommenteppech iwwert dem Iran ausgebreet gëtt.

Zumindest war et déi eenzeg méiglech Schlussfolgerung, déi dem US-President seng Warnung, jo schon däitlech Undreeung, zougelooss huet. Mir schwätzen hei jo och vu mindestens enger Dose Rakéiten déi d‘US-Base vun Ain al-Assad an Erbil getraff hunn. Si sinn – dat ass vun den Iraner esou och confirméiert ginn – vun iraneschem Buedem aus ofgeschoss ginn.

TeheranDat wier en „Ugrëff“ no der Liesaart wéi se den Donald Trump huet, an géif d‘Amerikaner dann elo och berechtegen dem Iran de Krich ganz offiziell ze erklären an unzegräifen. Den Etat-Major seet, datt ee virbereet war an och Hiweiser kritt hätt, datt et méiglecherweis zu esou engem militäresche Schlag komme kéint. All Mesure géifen ergraff US-Zaldoten a -Personal am Irak ze schützen.

Aus dem Iran ass et den Ausseminister Javad Zarif, deen d‘Wuert ergräift, an den Asaz vu Gewalt géint US-Militärstëtzpunkte mam Artikel 51 vun der UN-Charta (Selbstverteidegung) justifiéiert. Hien ënnersträicht: „Mir si weder op eng Eskalatioun nach ee Krich aus, mee mir wäerten eis géint all Aggressioun zur Wier setzen“. Et sollt een also net dovunner ausgoen, dat et zäitno besser gëtt.

TeheranInteressant och, wéi Washington mat der Souveränitéit vum Irak ëmgeet. Si sinn eigentlech Gäscht, behuelen sech awer wéi den Haushär an hu jo schonn zolidd Sanktiounen ugedreet, fir de Fall datt si gezwonge géifen d‘Land mussen ze verloossen. Déi amerikanesch Loftfaart-Administratioun FAA huet elo de Loftraum iwwert der Golfregioun fir US-Fluchgesellschaften zur Sécherheet gespaart.

De Milliardär wëll haut am Laf vum Dag iwwert méiglech Suitten zum Géigeschlag vun Teheran beriichten. Eigentlech misst hien, wann hie konsequent ass (wat glécklecherweis net eng vu senge Stäerkten ass) den Iraner elo de Krich erklären, oder zumindest e puer vu sengen „52 Ziler“ als Äntwert op d‘Äntwert dem Buedem gläich maachen. Mee den US-President ass am Wahlkampf…

Ukrainesch Boeing 737 stierzt zu Teheran of

Während am Irak de Konflikt sech weider an eng schlecht Richtung entwéckelt, ass zu Teheran beim Fluchhafen Imam Khomeini eng Passagéiermaschinn aus der Ukrain ofgestierzt. U Bord sollen 167 Passagéier a 9 Crew-Membere gewiescht sinn. Et schéngt keng Iwwerliewend ginn ze hunn, mee et gëtt den Ament och nach vill widderspréchlech Informatiounen, zu dësem Virfall.

TeheranGeséchert ass zur Stonn just, datt de Fliger vun der UIA (Ukraine International Airlines) vun Teheran op Kiew fléie sollt, a quasi direkt nom Start erofgefall ass. Op et méiglecherweis en Zesummenhang mam Konflikt tëscht Washington an Teheran gëtt? Wuel éischter net, woubäi et aktuell och net auszeschléissen ass. Et wier awer schonn en „dramateschen“ Zoufall.

mat indymedia/tlv/nyc

Foto: Den Iran ass erausgefuerdert ginn, an déi iranesch Revolutiounsgarde stellen sech dem Challenge. Dat och ganz behäerzt, et ass ee vun hiren „Helden“ deen déi verhaassten Amerikaner „neutraliséiert“ hunn. Hei huet bis op weideres d‘Diplomatie emol eppes Paus… © Press TV

Related topics Eskalatioun, Irak, Iran, Krich, Rakéiten, USA, Vergeltung
Next post Previous post