Search

You may also like

Aweiung vun der neier CNS zu Munneref
Business Neiegkeeten

Aweiung vun der neier CNS zu Munneref

Gëschter huet d’Paulette Lenert, delegéiert Ministesch fir sozial Sécherheet, déi

Clearstream: 212 Persoune verléieren hir Plaz
Business Neiegkeeten

Clearstream: 212 Persoune verléieren hir Plaz

No der Nordea Bank kënnt elo mat Clearstream de gréisste

Syrien: A 5 Deeg stierwe 400 Zivilisten vrun den Diere vun Damaskus
Business Neiegkeeten

Syrien: A 5 Deeg stierwe 400 Zivilisten vrun den Diere vun Damaskus

Iwwer 400 Doudeger, wouvunner eng 100 Kanner, sinn zanter e

Ëmsaz am Telekommunikatiounssecteur bleift stabel

Ëmsaz am Telekommunikatiounssecteur bleift stabel

D‘Lëtzebuerger Regulatiounsinstitut (ILR) huet d‘Zuelen am Kontext vum statistesche Rapport vum Telekommunikatiounsmaart fir 2020 verëffentlecht. Ervirzehiewe sinn eng Progressioun am Glasfaserreseau, wéi natierelch den Impakt vun der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Covid19.

Wat d‘Pandemie ubelaangt, esou konnten d‘Operateuren nawell gutt profitéieren. Am Beräich vum sougenannte Festnetz huet et eng Progressioun vun 10,6% ginn. Bei der mobiller Kommunikatioun huet esouguer eng Progressioun vun 19,6%. Den Ëmsaz allerdéngs ass mat 567,6 Milliounen Euro (+0,1%) nëmme stabil bliwwen. D‘Notzung vum Internet am Festnetz, (+6,2%) huet d‘Verloschter vum mobillen Internet (-5,9%) ausgeglach.

Beim Remplacement vun den Analoge Service (Kofferkabel) duerch Internetprotkoll-Déngschter, gëtt et och gutt Nouvellen. D‘Telephonie déi am Internetzougank abegraff ass affichéiert eng Hausse vun 8,6%. Et sinn d‘Entreprisen déi ronn 60% vun de ganze Kommunikatiounen op sech zéien. Si stellen awer nëmme 24% vun den Uschlëss duer.

Wat d‘Zuele vun den Internetuschlëss betrëfft esou huet et Enn 2020 235.200 Abonnementer fir de fixen Internt ginn. Et ass dann och de „séieren Internet“ dee méi oft genotzt gëtt (+100Mb/S). Hei huet et 154.700 Uschlëss (65,8% Maartundeel). Den Internet ass och méi deier an d‘Operateure sacken am Schnëtt pro Uschloss 50,4 Euro/Mount an. D‘Glasfaser huet mat 50,2% hei d‘Nues vir. Allgemeng steet sech Lëtzebuerg besser do wéi déi aner Länner.

Am Kontext vum mobille Reseau, ass ze notéieren datt sech d‘Notzung kontinuéierlech steigert. Zu Lëtzebuerg sinn iwwert eng Millioun SIM-Kaarten aktiv. Hei läit fir den Operateur de Schnëtt beim Revenu pro Mount a SIM-Kaart bei 20,4 Euro (-10,5%). Als nächst wëll den ILR nach zwou Etüde verëffentlechen, de sech mat den Tariffer (Mobil a Fix) zu Lëtzebuerg ausenanersetzt.

De ganze Rapport, als „Info-Grafik“ hu mir iech hei ugespéngelt.

Illustratioun: © Joshua Sortino / unsplash

Related topics Festnetz, Glasfaser, ILR, Internet, Telekommunikatioun
Next post Previous post