Teletravail: Verlängerung vum Accord mat Däitschland

D’Vereenbarung, déi zesumme mat Däitschland zum Teletravail geschloss gouf, wäert bis op mannst zum 31. Mäerz 2022 verlängert ginn. Dovu profitéiere virun allem ronn 50.000 Grenzgänger, déi zu Lëtzebuerg schaffen.

Esou soll de Pendler, wéi och de Lëtzebuerger Employeuren déi néideg Flexibilitéit garantéiert ginn. Den Nach-Finanzminister Pierre Gramegna freet sech iwwert d’Verlängerung a seet der däitscher Regierung Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht wärend der Covid-19-Kris.

Dernières nouvelles