Search

You may also like

Geriicht zu Washington veruerteelt Islamesch Republik Iran
Neiegkeeten

Geriicht zu Washington veruerteelt Islamesch Republik Iran

Zu Washington huet e Geriicht den Iran zu engem Schuedenersatz

Si hunn all hir Ënnerschrëft geleescht (Analys)
Neiegkeeten

Si hunn all hir Ënnerschrëft geleescht (Analys)

Um Mëttwoch Mueren haten d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an

Lëtzebuerg: De militäresche Schlag géint Syrien ass haut um Menü vum EU-Ausseministertreffen
Neiegkeeten

Lëtzebuerg: De militäresche Schlag géint Syrien ass haut um Menü vum EU-Ausseministertreffen

D‘Loftschléi géint Syrien, déi um Weekend vun der Koalitioun USA-Groussbritannien-Frankräich

E Kader fir den Teletravail am Gemengesecteur

E Kader fir den Teletravail am Gemengesecteur

Ganz der Devise „mateneen fir eng modern Gemeng“ no, verfollegt d’Inneministesch Taina Bofferding sech Demarche, fir zesumme mat den Autoritéite vun de Gemengen a lokalen Administratiounen méi modern, performant a resilient ze ginn. Heibäi zielt een op d’Erfarung an d’Meenung vun de verschidden Autoritéiten, fir ee Kader fir den Teletravail am Gemengesecteur opzebauen.

Fir d’Servicer vu de Gemengen och wärend enger Pandemie ze garantéieren, ass den Teletravail essentiell. Donieft bitt dës Aarbechtsweis och Virdeeler fir d’Fräizäit, sou datt een Aarbecht a Privatliewen besser koordinéiere kann. Aus dësem Grond hofft d’Inneministesch dem Teletravail als nohalteg Method an der Organisatioune vun de Missiounen am Gemengesecteur e Kader bidden ze kënnen.

Eng éischt Etapp huet leschten Donneschdeg ugefaangen, wou d’Autoritéiten eng Invitatioun kritt hunn, fir un der Enquête deelzehuelen. Mat engem spezifesche Froebou sollen individuell Erfarungen wärend der sanitärer Kris analyséiert ginn, déi d’Personal bei der Aarbecht erlieft huet.

E weidere Questionnaire geet un de Schäffen- a Gemengerot, d’Syndikater an d’Presidente vun ëffentleche Gemengegebaier. Heibäi soll d’Siichtweis zur Iwwerwaachung vun de Gemengeservicer matgedeelt ginn an dem Inneministère e bessert Verständnis zu den Erausfuerderunge um Niveau vum Fonctionnement an de Servicer der Aarbechtsorganisatioun vermëttelt ginn.

Opmaacherbild © Andres Jasso / Unsplash

Related topics Digitaliséierung, Enquête, Gemengesecteur, Kader, Moderniséierung, Taina Bofferding, Teletravail
Next post Previous post