Déi 12 Tenoren op en Neits vertässelt

De geplangte Concerte vun den 12 Tenoren, sollt de 17 Januar 2022 am Conservatoire zu Lëtzebuerg stattfannen.

Elo ass den neien an hoffentlech entgültege Rendezvous fir Méindes, den 9. Januar 2023 geplangt. Grond ass, ewéi sollt et anescht sinn, d’Coronapandemie. Dës Ännerung baséiert um dynameschen Infektiounsgeschéien an den organisatoreschen Onsécherheeten.

« Een uerdentleche Schutz vu Kënschtler a Gäscht kann an der aktueller Situatioun, trotz de Sécherheetsmoossnamen net garantéiert ginn », schreift den Organisateur an enger Matdeelung.

Kaarten, déi scho kaf goufe behalen hier Gëltegkeet. Weider Kaarte ginn et an alle bekannte Virverkafsplazen esou wéi an der Oweskeess oder am Internet ënnert www.kultopolis.com.

Dernières nouvelles