De Covid19-Budget 2021 vum Pierre Gramegna
De Gesetzprojet fir de Budget 2021 huet de Finanzminister Pierre
De Gesetzprojet fir de Budget 2021 huet de Finanzminister Pierre
E Mëttwoch, den 12. Juni sinn zu Dikrech dräi nei
De Parquet huet eng Enquête zum Nodeel vun der Crèche
Wann d‘Diva aus dem Staatsministère elo annoncéiert huet, datt sech ab dem 7. Abrëll den Horesca-Secteur zumindest „bedéngt“ an dann och nëmmen op der Terrass nees sengen Aktivitéiten dierf zouwennen, esou ass dës Reouverture konditionell an alles anescht wéi a Stee gemeesselt. Si ass zudeem op wackeleg Bee gestallt ginn, well bis ewell hunn d‘Prognose vun der Politik net eng eenzeg Kéier mat deene vun de Gesondheetsexperten iwwertenee gestëmmt. An dat dierft ville Betriber en zimmlecht Kappzerbrieches bréngen.
Et ass jo elo och net esou, datt all d‘Bedreiwer vu Bistroen an/oder Restaurante mat gläiche Mëttel ausstafféiert sinn. Zudeem ass et net domadder gedoen eng Terrass ze hunn. Hei dierf ee wuel kloer begréissen, datt d‘Stied a Gemengen sech wäerte flexibel weisen, an et zuweile wäert virkommen, datt aus Parkplazen Terrasse gemaach ginn. Dat verhënnert net, datt de Wiert an de Restaurateur no wirtschaftleche Kritären hir Aktivitéit ausübe mussen. Deen dierf net um Enn vum Dag méi Geld ausginn hunn, wéi es dann an der Kees gelant ass.
Also Ouverture hin oder hir, elo dovunner auszegoen, datt Bistroen a Restauranten opmaachen, just fir eis eng Freed ze maachen, wier gewot. Sécher, et gëtt där Betriber déi nach iwwer Reserven oder Partner verfügen, déi et hinnen erméigleche mat der Ouverture wéinstens ze weisen, datt een nach ëmmer do ass. Mee wat ass mat deenen, déi schonn ënner Perfusioun stinn? Kann een deenen elo zoumudden, trotz masseg Scholde weider „Risikokapital“ anzesetzen? An dann ass nach dat mam Wieder… woubäi, et gëtt jo kee schlecht Wieder.
Illustratioun: © Fabio Alves / unsplash