Search

You may also like

Politik fuerdert, liwwert awer net
International Neiegkeeten

Politik fuerdert, liwwert awer net

Esou zumindest steet et haut um Site vun der Chamber,

Den Thierry Flamand gëtt neien Direkter vum CAA
International Neiegkeeten

Den Thierry Flamand gëtt neien Direkter vum CAA

Op Propositioun vum Finanzminister Pierre Gramegna, huet de Regierungsrot den

Den OGBL fuerdert d‘Verlängerung vum Loyer-Moratoire
International Neiegkeeten

Den OGBL fuerdert d‘Verlängerung vum Loyer-Moratoire

Den onofhängege Gewerkschaftsbond (OGBL) huet sech dem politeschen Aktivismus am

Terror vu „Riets“ ass duerchaus gesellschaftsfäeg

D‘Conclusioune vun de Fuerscher am alljäerleche „Global Terrorism Index“ vum „Institute for Economics & Peace“ zu London sinn héich interessant: zanter 50 Joer waren Ugrëff vu „Riets“ esou ausgepräägt net méi. Wann dat de Führer an den Duce nach hätten erliewen dierfen…

Terror vu „Riets“ ass duerchaus gesellschaftsfäeg

Wann de Steve Killela, CEO vum Institute for Economics & Peace zu London, de Mikro an de Grapp hëlt an dann erkläert: „Mam Ufank vun enger neier Dezenie gesi mir nei terroristesch Bedreeungen. D‘Zounam vum Rietsextremismus am Westen an d‘Verschlechterung vun der Lag an der Sahelzon sinn däitlech Beispiller dofir“. Vun islamistescher Säit gëtt et aktuell verstäerkt Ugrëff vu klenge Gruppen, déi mam IS sympathiséieren. Dat net nëmmen an der Sahara, mee och der EU.

Kléngt net wierklech erfreelech, mee et muss een hei tëscht „Realitéit“ a „Gefillt“ ënnerscheeden. Zanter fënnef Joer ass d‘Zuel vun den Affer réckleefeg (-60%). 2019 huet et weltwäit keng 14.000 Terroraffer ginn (-15% géintiwwer 2018), an „nëmmen“ 63 Länner hunn Terroruschléi erlieft. Dat ass déi niddregst Zuel zanter 2013. Streng un den Zuelen orientéiert, sollt ee sech éischter freeën.

Ganz esou einfach ass et dann awer net, an och hei liwwert de „Global Terrorism Index“ nees ganz vill Äntwerten. Esou ass d‘Widderstandsfäegkeet vu ville sougenannt „héich entwéckelte, westleche Gesellschaften“ an de leschte Jore verluer gaangen. Esou eppes kënnt vir, wa Solidargemeinschafte vun Egoisten an Individualisten iwwerholl ginn, den „ee géint deen aneren ausspillen“ d‘Grondlag vum Zesummeliewen ausmécht. Eng probat Geleeënheet an Nierbuedem fir riets Ideologien.

D‘Covid19-Pandemie leescht hei och ee grousse Beitrag. Et brauch jo fir all Kris ee Schëllegen a mam Fanger op anerer weisen ass entschidde méi einfach, wéi sech engagéieren an ee positive Beitrag fir d‘Gesellschaft ze leeschten. Wat déi sanitär Kris sech méi laang hält, wat d‘Gesellschaft ëmmer méi auserneendrift. Rietsextrem Ideologie liwweren einfach wann och radikal Léisungen.

Et sinn dann och längst net nëmme méi déi radikal islamesch Terroristen déi de Problem sinn. Vill Rietsextrem Gruppen hunn sech hir Plaz am Netz gemaach, a béid Gruppéierunge profitéiere vun enger clever erschlache Mediepresenz a mussen sech ëm d‘Finanzéierung – esou den Androck – elo keng Suerge maachen. Zudeem huet sech agebiergert, an dat gëtt medial och esou gefërdert, datt déi „Béis“ d‘Islamiste sinn. Dobäi sollt deem dommste bekannt sinn, datt all „Extrem“ eng Gefor ass.

mat indymedia/lon

Related topics Extremismus, Faschismus, Global Terrorism Index, Institute for Economics and Peace, Islamismus, Terror
Next post Previous post