Search

You may also like

MeteoLux seet: Et kann am Wanter och Schneien!
International Neiegkeeten

MeteoLux seet: Et kann am Wanter och Schneien!

Den Nationale Wiederdéngscht MeteoLux huet bekannt ginn, datt d‘Wieder ëmschléit

Spektakulär: den Etna lieft
International Neiegkeeten

Spektakulär: den Etna lieft

An der Nuecht op e Méindeg war et lassgaangen. Aus

D’PARTEI: Zensur op Facebook an Opruff zur Demo
International Neiegkeeten

D’PARTEI: Zensur op Facebook an Opruff zur Demo

D’PARTEI ass op der social Media-Plattform Facebook gespaart ginn an

Terror zu Lugano

No enger islamesch reliéis motivéierter Messerattack an der Schwäiz ermëttelt d‘Police

Terror zu Lugano

An engem Shoppingzenter zu Lugano (Tessin – CH) huet eng Ugräiferin zwou Frae mat engem Messer attackéiert. D‘Autoritéite ginn dovunner aus, datt et sech bei dësem Virfall ëm eng reliéis motivéiert Dot handelt. Zu deem wat gewosst ass:

Zu Lugano an engem Shoppingzenter geleeën op der Piazza Dante, ass et géint 14 Auer zu enger Messerattack komm. An enger Filial vu Manor, huet eng Fra ee Grupp Leit ugegraff. Éischten Erkenntnisser no, soll d‘Täterin eng Fra mam Hals geholl hunn, wärend si zäitgläich enger aner Damm mat engem Messer an den Hals gestach huet. D‘Affer dat mam Messer getraff gouf, ass schwéier awer net liewensgeféierlech blesséiert. Zwou weider Persoune goufe méi liicht verletzt.

Dank dem Zivilcourage vun enger Koppel konnt d‘Fra „gestoppt“ ginn. Eigentlech huet sech d‘Koppel op d‘Ugräiferin gestierzt, dës un den Hoer op de Buedem gezwongen an sech drop gesat bis d‘Police agetraff ass, an der Fra ee moudesche Bracelet ugedoen huet. Si ass verhaft an an Untersuchungshaft gesat ginn. D‘Täterin (eng Schwäizer Konvertitin) ass 28 Joer jonk, wunnt am Raum Lugano an ass den Autoritéiten (FedPol) aus terroristeschen Ermëttlunge scho bekannt.

Wat d‘Messer betrëfft, mat där d‘fra d‘Dot begaangen huet, esou schéngt et wéi wann dëst kuerz virun der Attack aus der Abteilung „Haushalt“ ofgeholl ginn ass. D‘Spriecherin vu FedPol, Cathy Maret, bestätegt dat an dësem Fall wéinst Terrorismus ermëttelt gëtt. D‘Fra soll wärend der Attack däitlech gemaach hunn, datt si zum Islamesche Staat (IS) gehéiert. Elo gëtt wéinst versichtem Mord, schwéier Kierperverletzung an Zougehéieregkeet zu enger Terrororganisatioun enquêtéiert.

An dësem Kontext muss d‘Police elo och klären, ob d‘Fra eleng gehandelt huet, oder et méiglech Komplizen an/oder Matwësser huet. Gekläert gi muss och, op et ee méiglechen Zesummenhang mat der Messerattack vu Morges (Vaduz – CH) gëtt. Hei war ee Mann aus Portugal am September erstach ginn. Ob et „Zesummenhäng“ mat den Attacke vu Nice a Wien gëtt, wéi divers Medien et verlaute gelooss hunn, berout op renger Spekulatioun. Den ideologesche Charakter awer passt.

mat indymedia/coo

Illustratioun: © Janosh Diggelmann / unsplash

Related topics islamesche Staat, Lugano, Messerattack, Schwäiz, Terror, Tessin
Next post Previous post