Search

You may also like

E Plang fir de Klima deen net iwwerzeegt huet
International Neiegkeeten

E Plang fir de Klima deen net iwwerzeegt huet

Et war spéit gi gëschter um Krautmaart a schold dorunner

De Contournement vun Dippech ka kommen
International Neiegkeeten

De Contournement vun Dippech ka kommen

Der Buergermeeschtesch vun Dippech ass méi wéi nëmmen ee Stee

De Robocup ass de speziellen Sport-Event vum Summer
International Neiegkeeten

De Robocup ass de speziellen Sport-Event vum Summer

Am Moment leeft e ganz besonneschen Fussball-Event a Japan: de

Terror zu Wien!

An der éisträichescher Haaptstad ass et um Méindegowend zu engem Uschlag komm: 2 Persoune goufen heibäi ëmbruecht a mindestens 15 Mënsche goufen deels schwéier blesséiert

Terror zu Wien!

Am Ëmfeld vun der Synagog an der Seitenstettengasse (onwäit vum Schwedenplatz) zu Wien ass et gëschter am fréien Owend zu engem muttmaasslechen Terroruschlag komm. D‘Police huet gemellt, datt d‘Asazkräften nach op der Plaz sinn. Eng Iwwersiicht zur Lag sollt et de Moien um 6 Auer vum Inneminister ginn. D‘Police ass och zur Stonn nach am Asaz. Wat ass da bis ewell gewosst?

Bei engem éischten Austausch mat de Medien, huet de Landespolizeipresident Gerhard Pürstl erkläert, datt gëschter géint 20 Auer een Noutruff agaangen ass, bei deem gemellt gouf, datt ee Mann mat enger Schroutflënt géif ronderëm schéissen. Et wieren direkt Beamte lassgeschéckt ginn, déi eng Kéier op der Plaz an ee Schosswiessel involvéiert goufen. Heibäi gouf e Polizist blesséiert.

Wien

E Passant ass onmëttelbar no der Dot verstuerwen, eng weider Fra ass am Spidol hiren uerge Verletzungen erleeën. De Landespolizeipresident huet preziséiert, datt et esou kuerzfristeg net méiglech ass méi Detailler ze ginn, d‘Virfäll missten differenzéiert opgeschafft ginn, esou de Gerhard Pürstl. Beim Schosswiessel mat der Police ass och den Täter déidlech verwonnt ginn.

Zum Täter: nach ëmmer bezunn op d‘Informatioun vum Landespolizeipresident, soll dëse mat engen automatesche Stuermgewier ausstafféiert gewiescht sinn. Den Täter hätt awer och nach eng Pistoul an eng Machete bei sech gehat. Datt de Mann och soll ee Rimm mat Sprengstoff u sech gedroen hunn, gëtt net säitens den Autoritéite confirméiert. Och hei méi am Laf vum Mueren.

Wien© Georg Hochmuth/APA

Et geet een den Ament bei der Police dovunner aus, datt de Mann net eleng ënnerwee war. Dat heescht datt nach eng geféierlech Persoun duerch d‘Géigend leeft, firwat och zur Stonn Wien nach ëmmer alarméiert ass an d‘Leit gebuede sinn, sech net onnëtzt dobaussen opzehalen. Ënner Drock iwwerpréift d‘Police d‘Identitéit vum erluechte Schütze an och säin Ëmfeld soll geschéckt ginn.

Op ee leschte virum Lockdown…

Éisträich huet entscheet wéinst der Covid19-Pandemie nees an de Lockdown ze goen, an esou ware gëschter nach vill Leit op de Stroossen, fir nach ee leschten Owend a „Fräiheet“ ze genéissen. Dank dem Klimawandel sinn d‘Temperature frëndlech, an am Quartier gëtt et eng grouss gastronomesch Offer. Laut der Police ass am Ëmfeld vun der Seitenstettengasse, op sechs Plazen zu Ugrëff komm.

Wien

Genannt goufen: Morzinplatz, Salzgries, Fleischmarkt, Bauernmarkt an de Graben. De Michael Ludwig, Buergermeeschter vu Wien, huet d‘Awunner opgeruff doheem ze bleiwen, et wier mindestens en zweeter Täter op der Flucht, méiglecherweis esouguer méi Täter. D‘Leit ginn opgeruff, wann et méiglech ass d‘Kanner net an d‘Schoul oder an d‘Crèche ze schécken/bréngen.

Déi géifen allerdéngs net zougemaach, fir déi Kanner opzehuelen, wou et den Elteren net méiglech ass si doheem ze betreien. Den Inneminister, Karl Nehammer, huet den Zentrum vu Wien zur „rouder Zon“ erkläert. De Groussasaz leeft op vollen Touren: 150 Cobra– an 100 WEGA-Beamte goufen op d‘Plaz geruff. Dozou kommen eng 100 Polizisten, och an zivil, fir d‘Areal ofzesécheren.

Wien

Et géif elo an éischter Linn drëms goen d‘Geforenofwier sécherzestellen, esou de Frank Ruf, Generaldirekter fir déi ëffentlech Sécherheet. An Ofsprooch mat den Nopeschlänner, kënnt et elo och zu Kontrollen op de Grenzen. D‘Autoritéite bieden d‘Leit Biller a Videoen net an de sozialen Netzwierker ze verëffentlechen, mee hinnen dës Opnamen zur Verfügung ze stellen.

Éischt Reaktiounen

Den éisträichesche Kanzler, Sebastian Kurz, huet matdeele gelooss, datt well sech d‘Dot ganz no bei enger Synagog zougedroen huet, en antisemiteschen Hannergrond net ausgeschloss ka ginn. Hien huet seng Landsleit opgeruff, sech um Dënschdegmueren iwwert déi aktuell Sécherheetslag ze informéieren. Et géif sech bei dëser Dot definitiv ëm en Terroruschlag handelen, esou de Kurz.

Wien

Am Kontext vun dësem Attentat, ass dann och d‘Arméi aktivéiert ginn. D‘Militär iwwerhëlt zu Wien den Objektschutz. Eliteneenheete ginn zur Terrorbekämpfung ofgestallt. An de sozialen Netzwierker gëtt vill iwwert en „dschihadisteschen“ Ugrëff spekuléiert, et gëtt awer den Ament keng brauchbar Beweiser fir esou eng Ausso. Just „Bild“ geet hei vun engem „IS-Uschlag“ aus.

Den Emmanuel Macron huet via Twitter den Éisträicher den Zesummenhalt an d‘Matgefill vum franséische Vollek zougeséchert. De Rotspresident Charles Michel huet vun engem „feigen Akt“ geschwat. D‘Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, de Parlamentspresident David Sassoli an de Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheete Josep Borrell, hunn d‘Dot och verurteelt.

Wien

Och zu New York huet een d‘Aen op Wien geriicht. Hei huet den UN-Generalsekretär Antonio Guterres ugekënnegt, datt déi Vereenten Natiounen un der Säit vum éisträichesche Vollek a senger Regierung stinn. Den Antonio Guterres géif d‘Entwécklung vun der Situatioun mat grousser Suerg verfollegen. Haut de Moien da soll et weider Informatiounen zur Dot an den Täter ginn..

mat indymedia/vie

Related topics Éisträich, Wien
Next post Previous post