Search

You may also like

Miami-Beach: …zéng Deeg no der Katastroph
Neiegkeeten

Miami-Beach: …zéng Deeg no der Katastroph

Nom Deelastuerz vun den „Champlain Towers“ zu Surfside (Miami/FL) vum

Oneenegkeet beim Brexit: d‘Theresa May verléiert zwee Minister
Neiegkeeten

Oneenegkeet beim Brexit: d‘Theresa May verléiert zwee Minister

Um Méindeg huet et zu London zolidd ramouert, an déi

D’ILNAS rifft FFP2 Nanosilber-Maske vun zeréck
Neiegkeeten

D’ILNAS rifft FFP2 Nanosilber-Maske vun zeréck

D’Lëtzebuerger Qualitéitsportal ILNAS informéiert doriwwer, datt déi antimikrobiell FFP2 Mond-Nuesschutz-Masken

Terroristesch Attack zu Bréissel: Täter Erschoss

Terrorwell räisst net of

Terroristesch Attack zu Bréissel: Täter Erschoss

No enger Explosioun an enger Gare zu Bréissel ass de presuméierten Attentäter vun Zaldoten erschoss ginn. Eng hannerlëschteg Dot, déi wuel keng Affer gefuerdert huet, mee d’Serie vun de Dschihadisteschen Uschléi uechtert Europa net ofräisse léisst.

Gëschter Owend kuerz virun 21 Auer hunn Zaldoten, déi an enger vun der gréisste Gare (Bruxelles-Central) op Patrull waren, de Verdächtege mat Waffegewalt neutraliséiert. Dat deelt d’Police iwwert säi Spriecher Peter De Waele mat. Den Doud vum Concernéierten ass vum federale Parquet no Mëtternuecht bestätegt ginn. De Spriecher vum Parquet, Eriuc van der Sypt huet preziséiert, datt de Virfall als „terroristesch Attack ugesi gëtt.

Explosioun géint 0.40 Auer

Laut engem Zeie soll de presuméierten Täter virun der Explosioun „Allah Akhbar“ geblärt hunn. Géint 23 Auer huet deen nach ëmmer um Buedem geleeën an den Deminage huet sech iwwerzeegt, datt hien net nach Sprengstoff op sech hat. Géint 0.40 Auer huet de Journalist vun AFP eng kleng Explosioun héieren. Déi war vum Krisenzenter ugekënnegt ginn an et soll sech hei ëm eng kontrolléiert Zündung gehandelt hunn.

D’Gare war direkt vun der Police gespaart an evakuéiert ginn. Laut dem Spriecher vun Intrabel, déi d’Gestioun vum belsche Schinnennetz huet, huet dat eng Panik ausgeléist. „D’Leit sinn iwwert d’Schinne Gelaf“, seet hien. De gesamte Schinneverkéier ass ënnerbrach ginn.

Déi „kleng Explosioun“, wéi d’Autoritéiten sech ausdrécken, soll vun enger Wallis ausgaange sinn, seet en Zeien. An de sozialen Netzwierker sinn Foto’en gepost ginn, op deenen ee gëllege Feierkranz an de Gäng vun de Gare ze gesinn ass.

Sécherheetsrot aberuff

Um Zwëschestack huet een Gejaut. Ech hunn net wierklech opgepasst. Dunn bläert de Mann Allah Akhbar an huet säin Trolley explodéiere gedoen“, seet den Nicolas Van Herrewegen, direkten Zeie vum Virfall an Triage-Agent bei der SNCB. „Et war net wierklech eng grouss Explosioun, mee de Impakt war zolidd. Ronderëm, op zwee, dräi Meter sinn d’Leit fortgelaf.“

De Premierminister Charles Michel huet ee Sécherheetsrot fir haut de Moien 9 Auer aberuff. „Merci un eis Zaldoten an un d’Personal vun der SNCB fir hir Professionalitéit a Courage“ schreift hien op Twitter. Haut de Moie war d’Gare nees op an den Trafic leeft esouwäit normal. Zu de Personalien vum presuméierten Täter ass nach näischt bekannt, d’Autoritéite ginn awer dervunner aus, datt deen zu de Kreesser, déi den IS ënnerstëtze, gehéiert.

mam Clément Zampa

Foto: Polizisten an Zaldote spären d’Gebitt ronderëm d’Gare zu Bréissel no der Explosioun um Dënschdegowend. (© Thierry Roge/AFP)

Related topics Belsch, Bréissel, Europa, IS, Terrorismus
Next post Previous post