Search

You may also like

Mam gudde Beispill virgoen
International Neiegkeeten

Mam gudde Beispill virgoen

Nodeems bekannt gouf, datt sech de franséische President Emmanuel Macron

Gutt Aussiichte fir d‘Rentner am Land
International Neiegkeeten

Gutt Aussiichte fir d‘Rentner am Land

De Sozialminister Romain Schneider (LSAP) huet an senger Äntwert op

Eng Sprooch online üben – D’ASTI sicht nach ëmmer Fräiwëlleger
International Neiegkeeten

Eng Sprooch online üben – D’ASTI sicht nach ëmmer Fräiwëlleger

D’Associatioun ASTI, déi 1979 gegrënnt gouf fir d’Rechter an Interesse

Somalia: Terrormiliz al-Shabaab bekennt sech zum Attentat

Somalia: Terrormiliz al-Shabaab bekennt sech zum Attentat

Interessante Revirement an der Affär mam Sprengstoffattentat zu Mogadischu, wou iwwer 80 Persounen, dorënner vill Jugendlecher, hiert d‘Liewe gelooss hunn. Déi sunnitesch Terrormiliz al-Shabaab (déi sech zu al-Quaida bekennt) huet den Uschlag revendiquéiert a sech entschëllegt.

Dës Meldung huet déi vu Saudiarabien ënnerstëtzen Terrormiliz, iwwert säi Sproochrouer „Radio al-Andalus“ an d‘Welt gesat. De Spriecher vun al-Shabaab, Ali Mohamud Rage, huet erkläert, datt den Uschlag vun der Organisatioun geplangt an duerchgefouert ginn ass, d‘Zil awer nëmmen déi zwee tierkesch Ingenieuren an hir Bodyguards waren. Et war keng Absicht Zivilisten ze treffen.

Wann een allerdéngs en Camion mat Sprengstoff belueden huet, deen an der Rushhour op enger beliefter Kräizung zu Mogadischu an d‘Luucht jot, sollt ee schon dovunner ausgoen, datt et hei zu Kollateralschied komme kéint. Den Terrorist Ali Mohamud Rage huet awer, well och als Mäerder mam Seege vun Allah ass ee manéierlech, de Famillje vun den Affer säi Bäileed ausgeschwat.

al-Shabaab

De Scheich Ali Mohamud Rage alias Ali Dheere (hei en Archivbild vum August 2011) bedauert, datt beim Attentat zu Mogadischu och Moslemen ënnert den Affer sinn. Déi wiere keng „Ziler“ vum der Missioun gewiescht. © Mogadischu Man

„Et deet eis wierklech Leed fir déi Verloschter, déi mir eiser moslemesch-somalescher Gesellschaft zougefüügt hunn. (…) Mir schwätzen de Moslem, déi hiert Liewe verluer hunn, blesséiert goufen oder där hiert Eegentum zerstéiert ginn ass, eis Matgefill aus“, esou den Ali Mohamud Rage. Hie betount, datt den Uschlag am Kampf géint d‘Regierung a seng auslännesch Frënn noutwenneg war.

Dat ass eng Première, huet awer och vill domatter ze dinn, datt d‘Somalier ëmmer nees géint déi vun al-Shabaab ausgefouert Uschléi demonstréieren. Zur Vergeltung haten d‘Amerikaner Drone géint d‘Terrormiliz agesat an eegenen Aussoen no, wéinstens véier Terroristen – dorënner ee Kommandant vun der Terrormiliz – neutraliséiert. D‘Attack gouf „international“ condamnéiert.

mat indymedia/nbo

Related topics al-Shabaab, Ali Dheere, Ali Mohamud Rage, Mogadischu, Selbstmordattentat, Somalia, Terrormiliz
Next post Previous post