Search

You may also like

Nei am Verlag Guy Binsfeld: De Schmunzel – Eng Ko(s)mech Geschicht
Neiegkeeten

Nei am Verlag Guy Binsfeld: De Schmunzel – Eng Ko(s)mech Geschicht

Dës nei Kannergeschicht vum Jhemp Hoscheit mat faarwegen Illustratioune vum

Mam Chrëschtbeemche kann een sech Tonnen u Chemikalie mat an d’Haus huelen – Mee et ginn Alternativen!
Neiegkeeten

Mam Chrëschtbeemche kann een sech Tonnen u Chemikalie mat an d’Haus huelen – Mee et ginn Alternativen!

Waren d‘Chrëschtbeemecher fréier éischter en Offallproduit aus der Forstwirtschaft, esou

Et huet sech elo ausgejodelt
Neiegkeeten

Et huet sech elo ausgejodelt

D‘ADR ass entsat iwwert déi nei Entgleisungen, déi den Här

Stroosseschied nom Héichwaasser – en éischten Tëschebilan

Stroosseschied nom Héichwaasser – en éischten Tëschebilan

Iwwer 180 Strecken hunn duerch d’Iwwerschwemmungen vu leschter Woch misse gespaart ginn. Nieft dem Héichwaasser waren de Bulli, futtis Stëtzmaueren, geschiedegt Brécken an ëmgefale Beem déi grouss Problemer op eise Stroossen.

Ma, nach wier et ze fréi e finale Bilan zum kompletten Ausmooss vun de Schiet ze zéien, sou d’Stroossebauverwaltung. Nodeems um Owend vum 14. Juli, respektiv um Moien vum 15. Juli zuelräich Strecken, Weeër a Vëlospisten hu misse gespaart ginn, féieren d’Ekippe vum Ponts et Chaussé aktuell Kontrollen vun den Häng, de Brécken a Remblaisen duerch.

Zousätzlech Hëllef kréie si vun der Brigad vu Born, déi sech ëm d’Botzaarbechte vun de Verwaltungsgebaier këmmert. Souwuel Entretiensgeschier a Bürosmaterial, wéi och d’Kichen an d’Heizung goufen uerg matgeholl. Och zwee Gefierer konnten net virum Waasser gerett ginn.

Am Rousperter Depot waren dräi Halen an de Baussestock komplett iwwerschwemmt. Aktuell lafen do d’Botzaarbechten an et gëtt gekuckt, wéi ee Material nach brauchbar ass.

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics Héichwaasser, Iwwerschwemmungen, Ponts et Chaussées, Problemer, Spärungen, Stroossebauverwaltung, Tëschebilan, zERSTÉIERUNG
Next post Previous post