Een Test pro Dag wärend enger Woch fir méi Sécherheet

Eng Woch intensiven Testing an de Grondschoulen a Kompetenzzentren

Vum 8. bis de 14. Dezember, ginn d‘Schüler aus de Cyclen 2 bis 4 an alle Grondschoulen a Kompetenzzentren am Land invitéiert, sech eemol den Dag an der Schoul mat engem Schnelltest ze testen.

D‘Eltere vun de Kanner aus dem Cycle 1 kréien zousätzlech Schnelltester mat heem fir deeglech e Schnelltest mat hire Kanner doheem kënnen ze maachen.Des intensiv Testing Woch ass Deel vun der Regierungs-Campagne « Lëtzebuerg test sech » a soll d’Propagatioun vum Corona Virus an der ongeimpfter Populatioun andämmen.

All Schüler, wou d’Elteren en neie Consentement ofginn hunn, kann un dëser Aktioun Deel huelen.Des Testing Woch an de Grondschoulen ass en zousätzlechen Effort am Kampf géint d’Pandemie, zousätzlech zu der Adaptatioun vum sanitären Dispositif am Beräich vun der Educatioun déi de 26. November decidéiert gouf.

*matgedeelt vum Educatiounsministère

Dernières nouvelles