Search

You may also like

Méi Subside fir Luxembourg Air Rescue
Neiegkeeten

Méi Subside fir Luxembourg Air Rescue

Den LAR – am Volleksmond d‘Air Rescue genannt – ass

Jordanien: Skandal am Kinnekshaus
Neiegkeeten

Jordanien: Skandal am Kinnekshaus

Interessant a verwirrend sinn d‘Noriichten aus dem jordanesche Kinnekshaus. Dem

Transition Days: Konferenz mat der Dr. Vandana Shiva
Neiegkeeten

Transition Days: Konferenz mat der Dr. Vandana Shiva

Am Januar behandelen d’Lëtzebuerger Transition Days d’Thema Schlofzëmmer. Domat verbonne

Tester an den Tunnellen zu Fréiseng a Munneref (11.04.2021)

Tester an den Tunnellen zu Fréiseng a Munneref (11.04.2021)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt an den Tunnellen zu Fréiseng a Munneref vun der A13 verschidden Zeenarien getest ginn, fir esou beschtméiglech am Fall vun engem Brand agräifen ze kënnen.

Dës Tester fannen e Sonndeg, den 11. Abrëll 2021 vu géint 10:00 bis géint 20:00 Auer statt. An dësem Kader kënnt et zu verschidden Ännerungen am Verkéier:

D’A13 ass tëscht dem Echangeur Helleng (9) an dem Echangeur Munneref (12) a béid Richtunge gespaart. Den Trafic, dee vum Beetebuerger Kräiz vun der A13 kënnt an a Richtung Schengen fiert gëtt iwwert den Echangeur Helleng iwwert d’N13 (Fréiseng) an d’N16 (Altwis) bis bei den Echangeur Munneref ëmgeleet. Fir den entgéintkommende Verkéier ass d’Deviatioun ëmgedréint.

Tester

Related topics A13, Autobunn, Brand, Chantier, Ëmleedung, Feier, Fréiseng, Munneref, Stroossebauverwaltung, Tester, Tunnel
Next post Previous post