Search

You may also like

Et muss sech mat der Definitioun „Dialog“ befaasst ginn
Business Neiegkeeten

Et muss sech mat der Definitioun „Dialog“ befaasst ginn

De Marc Goergen an de Sven Clement hunn, wéi et

Belsch Waffenhändler am Gléck
Business Neiegkeeten

Belsch Waffenhändler am Gléck

Laut dem gëschter verëffentlechte Rapport vum wallounesche Waffen-Observatoire, huet d‘Regioun

D‘INF-Ofkommes ass Geschicht (eng Analys)
Business Neiegkeeten

D‘INF-Ofkommes ass Geschicht (eng Analys)

D‘Ofkommes dat mam vollen Numm „Intermediate-Range Nuclear Forces Treaty“ (INF)

Testflicht fir den Horesca-Secteur

Wéi en Impakt huet den obligatoreschen Test op d‘Rechnung vun de Konsumenten?

Testflicht fir den Horesca-Secteur

Nodeems ee Mëttwoch de Premierminister an d‘Gesondheetsministesch nieft méi allgemenge vun der Bevëlkerung erwaarte Lackerungen, och ugekënnegt hunn, datt et nees méi Normalitéit fir den zolidd gerëselten Horesca-Secteur soll hunn, muss sech en ament Zäit fir dëse Punkt geholl ginn.

Ab dem 16. Mee soll et jo am Horesca-Secteur heeschen: „Tëscht moies 6 an owes 22 Auer, sollen nees bis zu véier Persounen un engem Dësch am Restaurant Plaz huelen dierfen. Datt awer nëmmen dann, wann een dem Wiert: en negative PCR-Test (manner wéi 72 Stonnen al); een zertifiéierte Schnelltest (dee muss da manner wéi 24 Stonnen al sinn); ee Selbsttest (dee muss zwéngend op der Plaz gemaach ginn). Beim Besuch vun den Terrasse wier dat net néideg. Kee Wuert zur Impfung?

Wann de Wiert oder de Restaurateur elo mam PCR-Test oder dem zertifiéierte Schnelltest keng Fraisen, esou dierft dat am Kontext vum op der Plaz auszeféierende Schnelltest eng aner Gei sinn. Richteg ass wuel, datt dem Horesca-Secteur eng hallef Millioun dëser Tester sollen zur Verfügung gestallt ginn, woubäi de Beruffsverband dovunner ausgeet, datt dëse Bestand 3 Wochen ofdeckt.

Ee Start-Kit muss duer goen

De Mëttelstandsminister huet jo an dësem Kontext drop higewisen, datt alles wat iwwert dëse Start-Kit erausgeet, jo wuel muss vum Etablissement gedroe ginn, deen dës Tester Brauch. An dat huet dann och nees direkt fir Suergefalen op de Stire vun de Leit aus dem Horesca-Secteur gesuergt, déi den Ament net wierkelch wëssen, wéi een dës Käschten un de Konsument weiderreeche kann.

Sécher dierften déi meeschte Leit verstänneg sinn, an esou de Problem vun de Geschäftsleit wuel mat Fassong droen, mee dat muss ee sech dann och leeschte wëllen. Do ze Behaapten, wéi dat säitens dem Generalsekretär vun der Horesca de Fall: „Et ass de Präis vun der Fräiheet“, ass grad dann eppes gewot, wa gewosst ass datt déi „nei Präisser“ keng temporär Präisspiral ass.

Op et elo – jo et lafen nach Verhandlungen an Entrevuen – méiglech ka sinn, datt ee wann ee bis an engem Etablissement den Test iwwert sech ergoe gelooss huet, een dann net dee selwechten Dag, wann ee beispillsweis fir d‘Mëttegiesse getest gouf an een no der Schaff nach een häipe wëll goen, sollt een net nach emol mussen den Test maachen, a wie weess Owes, wann et mat der Fra nach an de Restaurant geet, net all Kéiers en neien Test maache muss. Et huet also nach ongekläert Froen…

Illustratioun: Ab dem 16. Mee sollt et nees méiglech sinn als Grupp vu bis zu 4 Leit am Restaurant un engem Dësch ze sëtzen. Bis béi dësen Dësch huet et dann nach e Rei Hürden ze iwwerwannen. Einfach gëtt et wuel net, zumindest bis et sech agespillt huet. Mee zumindest huet emol Perspektive fir déi nächst Méint. © Pablo Marchan Montes / unsplash

Related topics Covid19-Gesetz, Horesca-Secteur, Lackerungen, Start-Kit, Testflicht
Next post Previous post