What the Fakt – Den Tom Hanks a säin 63. Gebuertsdag!
Spéitstens duerch seng Roll am Film „Forrest Gump“ ass den
„Am Jemen ass d‘Gefor vun enger Hongersnout, an engem Ausmooss
Scho vu Klengem un muss ee sech ëm seng eege
Fir déi verschidde Prozesser bewäerten an u leschte Feinheete schläifen ze kënnen, huet den Héije Kommissariat fir nationale Schutz d’Decisioun getraff, datt een Testlaf am Impfzentrum um Lampertsbierg net verkéiert wier. Mat dobäi waren de Premier a Staatsminister Xavier Bettel, d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert, d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an den Éischte Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, de Serge Wilmes.
Nieft dem Impfzentrum am Hall Victor Hugo sinn och nach Statiounen um Uni-Campus zu Esch-Uelzecht, am CNHP Ettelbréck a bei der Air Rescue um Findel virgesinn. E fënneften Zenter soll am Oste vum Land bäikommen. Zousätzlech ass geplangt, datt mobil Ekippen an den Asaz geschéckt ginn, vir beispillsweis d’Residente vun Alters- a Fleegeheemer ze impfen.
Billergalerie: © SIP / LUC DEFLORENNE