Search

You may also like

Deen aneren Donald Trump…
Kultur Neiegkeeten

Deen aneren Donald Trump…

No heftegem Drock säitens den Demokraten huet den Donald Trump,

Echter’Jazz am Trifolion – Den 30. Abrëll gëtt musikalesch!
Kultur Neiegkeeten

Echter’Jazz am Trifolion – Den 30. Abrëll gëtt musikalesch!

Am Kader vum UNESCO International Jazz Day luet den Triofolion

LAMBERT: Ee Piano-Concert mat der e bëssen anerer Mask
Kultur Neiegkeeten

LAMBERT: Ee Piano-Concert mat der e bëssen anerer Mask

Et war ee Concert, dee fir Begeeschterung, Héngerhaut an och

Textes sans Frontières: um 13. a 14. November 2020 an der Kufa

Textes sans Frontières: um 13. a 14. November 2020 an der Kufa

Nodeems “Textes Sans Frontières” schonn e puer Mol zu Lëtzebuerg organiséiert ginn ass an d’Organisateuren aus Frankräich Esch/Uelzecht an hir Tour abezunn haten, kann dës Initiative opgrond vun de Moossname vun der franséischer Regierung an der eigentlecher Form net stattfannen. D’Kulturfabrik wier awer net d’Kulturfabrik, wa si net e Plang B parat hätten!

De Projet gëtt bäibehalen, wann och an ofgeännerter Form. Och wann d’Partner aus Lothringen net kënnen mat dobäi sinn, esou wëll een der Ëffentlechkeet awer e flott kulturellt Evenement, ronderëm déi norwegesch Literatur bidden.

De Programm

Dëse Freideg, den 13. November 2020

Textes Sans Frontières – Theatralesch Liesungen mat dramateschen zäitgenësseschen Texter aus Norwegen
Den Entrée ass gratis, d’Reservatioun vun der Plaz awer obligatoresch.

  • “Ceci n’est pas mon histoire” um 18:00 Auer
    Mise en voix : Aude-Laurence Biver Pro (LU)
    Mam Bernadette Ladener, Sébastien Poirot, Théo Schneider, Hervé Urbani, Anysia Mabe


    Eng zesummegewürfelt Famill hëllt e jonkt Meedchen aus engem Foyer op. Do wou hatt hierkënnt, hätt hatt de Kirch mat erliewe mussen. Seng Presenz léisst schnell Schwaachstellen an Disfonctionnementer an der Famill opkommen.
  • “Le locataire” um 19:00 Auer
    Mise en voix : Laëtitia Pitz (FR) 
    Mam Fábio Godinho, Colette Kieffer, Raoul Schlechter


    Eng Koppel waart drop, an dat neit Haus beim Mier plënneren ze kënnen. Un engem Dag klappt en Onbekannten un der Dier, dee sech op hirem Canapé installéiert a laang bleift…

Dëse Samschdeg, de 14. November 2020

Textes Sans Frontières – Theatralesch Liesungen mat dramateschen zäitgenësseschen Texter aus Norwegen
Den Entrée ass gratis, d’Reservatioun vun der Plaz awer obligatoresch.

  • “Heureuse jusqu’à la fin de mes jours” um 18:00 Auer
    Mise en voix : Pascale Noé Adam (LU)
    Mam: Emanuel Bémer, Claire CAHEN, Comédienne, Maud Galet-Lalande


    De verwitete Fuuss kéinnt een a Matleed versetzen, mee beweist seng Positioun am Bësch. Wärend en op d’Visitt vum Mikkel, dem aneren Fuussen-Uwäerter waart, probéiert en de Schlëssel zum Gléck ze erklären.
  • “Retours” um 19:00 Auer
    Mise en voix : Gaël Laveugle (FR) 
    Mam Anne Brionne, Jean Beurlet, Serge Wolf


    E Papp an eng Mamm mussen domat kloer kommen, datt hire Jong Gustav verschwonnen ass. Nodeems hie fir Dout erkläert gouf, kënnt de Bouf bemol zeréck, a verschwënnt kuerz drop nees. E kënnt awer erëm Heem, fir nach emol ze verschwannen, an erëmzekommen, an nach emol ze verschwannen.
Related topics dramatesch Texter, Kulturfabrik, Le Locataire, Literatur, Norwegen, Reoutrs, Reservatioun, Textes Sans Frontières
Next post Previous post