Search

You may also like

Gemengeconseil vun der Stad Lëtzebuerg: d’Linda Gaasch gouf vereedegt
International Neiegkeeten

Gemengeconseil vun der Stad Lëtzebuerg: d’Linda Gaasch gouf vereedegt

Gëschter huet d’Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, d’Lydie Polfer, op

DKV-Urban Trail Lëtzebuerg: d‘Stad Lëtzebuerg anescht entdecken
International Neiegkeeten

DKV-Urban Trail Lëtzebuerg: d‘Stad Lëtzebuerg anescht entdecken

Et gëtt vill flott Manéieren eis Haaptstad ze entdecken, a

Bausecteur: Zwou Gewerkschafte ginn Hand an Hand
International Neiegkeeten

Bausecteur: Zwou Gewerkschafte ginn Hand an Hand

Et kënnt seele genuch vir, an dat sollt a de

TGV am Elsass entgleist: 21 Blesséierter

TGV am Elsass entgleist: 21 Blesséierter

En TGV (Schnellzuch vun der franséischer Eisebunn) dee Stroossbuerg mat Paräis verbënnt, ass de Moie bei Ingenheim (Departement Bas-Rhin) entgleist. Laut den Autoritéite goufe bei dësem Virfall 21 Mënschen – dorënner och de Kondukter vum Zuch – deels schwéier blesséiert.

Op Nofro bei der Gewerkschaft, gouf confirméiert datt de Kondukter d‘Schlësselbeen an e puer Rëppe gebrach huet. Fir den Zuchbegleeder, deen eppes méi hefteg duerchgerëselt ginn ass, huet den Rettungshelikopter missen ugefuerdert ginn. Et géif dem Mann, dee sech um Réck verletzt huet, awer den Ëmstänn entspriechend gutt goen. Et besteet keng Liewensgefor méi.

Ënnert de Passagéier ass eng Persoun eppes méi uerg am gesicht blesséiert ginn, mee bei deene meeschte bleift et bei bloe Plazen. Vill vun de Passagéier waren awer nom Virfall béis geschockt. Zuchaccidenter bleiwen awer zum Gléck nach ëmmer d‘Ausnam, an hei och net dee ganzen Zuch entgleist, just d‘Motrice ass aus de Schinne gesprongen. Et schéngt och gewosst wéi et geschitt ass.

TGV

Loftopnam vum ADat ass den Äerdrutsch, deen zum Virfall gefouert huet © SNCFccident. © SDIS67

Esou huet et beim Passage vum TGV eng Äerdrutsch ginn, deen déi véier éischt Waggone vun de Schinne gehuewen huet. Natierlech muss et nach eng intern Enquête ginn an och de Parquet vu Stroossbuerg huet eng Enquête ugeuerdent. Op der Plaz gouf ee medezinesch-psychologeschen Noutdéngscht ageriicht. D‘Situatioun op der Streck soll sech awer séier nees normaliséieren.

mat indymedia/sxb

Foto: Loftopnam vum Accident. © SDIS67

Related topics Accident, Eisebunn, Elsaa, Entgleisung, SNCF, TGC, Zuch
Next post Previous post