Search

You may also like

Et goufe „Grenzen“ opgehuewen
International Neiegkeeten

Et goufe „Grenzen“ opgehuewen

Fir eng besser grenziwwerschreidend Police-Zesummenaarbecht mat eise franséischen Noperen ze

Chantier um Echangeur Stroossen (26. a 27. Mee)
International Neiegkeeten

Chantier um Echangeur Stroossen (26. a 27. Mee)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt et um Echangeur Stroossen um 26.

Veiner Nëssmoort 2019 – Mat Léift zur Noss!
International Neiegkeeten

Veiner Nëssmoort 2019 – Mat Léift zur Noss!

Um 13. Oktober 2019 ass et nees esou wäit: den

Thailänner zefridde mat der Militärjunta?

„Pheu Thai“ a „Future Forward“ Partei ware keng politesch Alternativ

Thailänner zefridde mat der Militärjunta?

Während d‘Majoritéit vun den Observateuren déi oppositionell „Pheu Thai“ Partei – déi och an de Sondage e gudde Virsprong zougesprach krut – als méiglech nei Regierung fir Thailand op der Rechnung haten, hu sech d‘Militär vun der „Palang Prach Rath“ Partei um Enn duerchgesat kritt.

Esou gëtt Thailand weider vum Militär regéiert, an et hat scho bal eppes erschreckendes wéi de Spriecher vun der Militärjunta d‘Victoire vum Generol Prayuth Chan-Ocha annoncéiert huet. Kal, ouni de geréngsten Usaz vun Emotioun, wéi wann et essentiell wier, den Triumph net no baussen ze weisen. Esou huet sech de Uttama Savanajanas de Medie presentéiert, fir sech zur Wal ze äusseren.

„Mir hunn déi meeschte Stëmme kritt a sollten esou och d‘Geleeënheet hunn déi nächst Regierung ze bilden. Eng Majoritéit – aus eiser Siicht – ass ausseruerdentlech wichteg fir e gudden Oflaf“, esou de Spriecher vun der Militärjunta, déi 7,6 Millioune Stëmme fir sech gewanne konnt. Woubäi, déi eigentlech favoriséiert Oppositiounspartei nach 6,8 Millioune Stëmmen erhalen huet.

Gëtt d‘Demokratie iwwerbewäert?

D‘Oppositiounspartei „Pheu Thai“, déi aus den Trëmmer vum fréiere Premierminister Shinawatra Thaksin senge Rout-Hiemer entstanen ass, war keng politesch alternativ. Hien hat schonn näischt gedaacht, an och seng Schwëster Yingluck Shinawatra war kee Wak besser, firwat d‘Militär déi gutt Madamm 2014 vum politesche Schachbriet gekickt huet. Der Demokratie huet et net gehollef…

Et ass eendeiteg als „Putsch“ ze bezeechnen, wat de Generol Prayuth Chan-Ocha fënnef Joer laang un der Muecht gehalen huet. Mee et ass och hien, deen dës Wahle bestëmmt huet. Datt hien elo dës Wahle gewonnen huet ass awer iwwerraschend. Den Haass op d‘Militärjunta ass am ganze Land däitlech spierbar, an dat féiert natierlech derzou datt vill iwwert de Wahlverlaf spekuléiert gëtt.

Fakt ass, datt d‘Militärjunta keng „fräi Wahlen“ organiséiert huet. Si huet scho bei der Virbereedung vun de Walen d‘Oppositioun behënnert, a während dem Wahlkampf, war eenzeg an eleng de Generol op alle Kanäl ze gesinn. E Generol deen an der tëscht d‘Uniform géint e Kostüm getosch huet, an sech nawell gären „populär“ a „volleksno“ gëtt. Hien huet och eng kënschtleresch Oder.

De Generol ass eng Diva

Sech e Bild vum Prayuth Chan-Ocha ze maache geet am einfachsten, andeems een seng Qualitéiten ervirdeet. Eng dovunner, besteet doranner, datt hie der Natioun zu Vältesdag en eegens komponéiert Lidd (Heart of Diamond) geschenkt huet. Eng vollkommen a perfekt „Nullnummer“ déi een scho kéint als Folter bezeechnen. Mee de Mann ass Generol, an do geet een net dohinner a kritiséiert.

An esou wei et sech no der Wal presentéiert, stellt sech eng wichteg Fro: Kann de Generol eleng an Thailand regéieren? Zur Sëtzverdeelung huet sech d‘Wahlkommissioun nach net geäussert, a ganz éierlech, fir eng Koalitioun gëtt et kee Partner. D‘Pheu Thai fält aus ersiichtleche Grënn aus, an déi nei gegrënnt „Future Forward“ Partei vum Thanathorn Juangroongruankit, wëll dat op kee Fall.

D‘Muecht behalen oder oftrieden?

Woubäi den 39 järegen – ee vun de räichste Männer am Land – duerchaus wirtschaftlech Interessen hätt, an seng Ambitiounen sech net flagrant vun dem vun der Militärjunta ënnerscheeden. Mee et schéngt, entgéint dem Wonsch vum Generol, dës Wahle fir den Thanathorn Juangroongruankit net de Schlusspunkt sinn, mee tatsächlech eréischt den Ufank vun der politescher Carrière.

Stellt sech natierlech d‘Fro op d‘Militärjunta gewëllt ass och weiderhin Demokratie virzetäuschen, oder si wéi gewinnt mat alle Mëttel déi hir zur Verfügung stinn, op e méiglechen zivillen Opstand reagéiere géif. A wéi gedëlleg sinn d‘Thailänner mat der Junta? Erwisen ass no de Wahlen an Thailand bis ewell nëmmen, datt den demokratesche Prozess nach net esou bal zur Grondlag gëtt.

mat indymedia global

Foto: De staarke Mann aus Thailand: Generol Prayuth Chan-Ocha. Fir méi Demokratie ze weisen, huet hien d‘Uniform géint e Kostüm getosch, a seng kënschtleresch Oder entdeckt. Hien ass dann och de grousse Gewënner vun de Wahlen. Mee kann hien eleng regéieren? (archiv indymedia 2017)

Related topics Militärjunta, Palang Prach Rath, Pheu Thai, Thailand, Thailänner
Next post Previous post