Search

You may also like

Gemengen Zukunftsfit maachen
International Neiegkeeten

Gemengen Zukunftsfit maachen

Leschte Méindeg 21. Januar huet d‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) d‘Vertrieder

Euthanasie-Rapport 2017-2018: D’Stierfhëllef ass 19 Mol ugewannt ginn!
International Neiegkeeten

Euthanasie-Rapport 2017-2018: D’Stierfhëllef ass 19 Mol ugewannt ginn!

Déi national Kommissioun vun der Kontroll an Auswäertung vun der

Mengs de, du packs et duerch dëse Lëtzebuergesch-Quiz?
International Neiegkeeten

Mengs de, du packs et duerch dëse Lëtzebuergesch-Quiz?

[onionbuzz quiz-id=157][/onionbuzz] Och dës Woch hu mer en neie Lëtzebuergesch

Thanksgiving fir Afghanistan

Iwwerraschungsvisite vum US-President niert Hoffnungen op eng Verstännegung mat den Taliban

Thanksgiving fir Afghanistan

Op Thanksgiving huet den Donald Trump seng Zaldoten an den afghanesche President Ashraf Ghani besicht. Bei senger Entrevue mam President huet ugekënnegt datt d‘Gespréicher mat den Taliban nees opgeholl goufen. Hien ass der Usiicht, datt d‘Islamisten eng Wafferou wëllen.

„D‘Taliban wëllen en Deal maachen an dofir trëfft ee sech mat hinnen“, esou den Donald Trump, deen nach uginn huet, datt eng Wafferou als net verhandelbar Konditioun gefuerdert ass, déi och vun den Taliban gewënscht ass. Den eigentlechen Hannergedanken dierft sech awer op de Wonsch vum US-President bezéien, dee scho méi laang driwwer nodenkt, seng Truppen ofzezéien.

ThanksgivingFir de Besuch bei den Zaldoten op der gréisster US-Militärbasis zu Bagram (nërdlech vu Kabul) waren ee puer Stonnen agerechent ginn. D‘Usproch vum President ass den Amerikaner vum Sender Fox-News geliwwert ginn. A senger Ried huet de Milliardär gesot, datt et keng aner Plaz op der Welt géif ginn, wou hie léiwer Thanksgiving wéilt feieren. Du gouf et endlech Schnuddelhong…

Schwiereg Verhandlungen

Am September hat den US-President déi zanter engem Joer gefouert Gespréicher mat den Taliban fir erleedegt erkläert. Et war dat virleefegt Enn vun der Iddi, ee Wee fir den Ofzuch vun den Truppe fräi ze maachen an en nohaltege Fridden am Afghanistan hierzestellen. Ofgebrach goufen dës Gespréicher wéi en US-Zaldot bei engem Attentat zu Kabul ëm d‘Liewe komm ass.

ThanksgivingD‘Taliban hirersäits hunn nom Ofbroch vun de Verhandlungen ëmmer nees Dialogbereetschaft gewisen. Déi lescht Woch war vu Kabul gemellt ginn, datt Washington gefuerdert hätt, datt déi afghanesch Regierung vun Ufank un d‘Féierung bei de Gespréicher iwwerhuele sollt. D‘Taliban hunn dorops hin erkläert, datt si bereet sinn mat allen afghaneschen Acteuren ze verhandelen.

Wäin a Waasser

Esou Verhandlungen allerdéngs, wieren nëmmen ënner der Konditioun méiglech, datt d‘USA hir Zaldoten ofzéien. Fir Gespréicher mat der vun den USA agesate Marionette-Regierung wier een nach net bereet. En Ofzuch vun den Zaldote kann et eigentlech eréischt no erfollegräiche Verhandlunge ginn an dat kann, esou d‘Strategen zu Washington, nëmme mat der Regierung goen.

Thanksgiving

De Vizepresident Mike Pence a seng Fra, ware bei den Zaldoten am Irak. © White House

Hale mir nach séier Fest, datt et dem Donald Trump seng éischt Visite bei den US-Zaldoten am Afghanistan war. Hie gouf hei begleet vum nationale Sécherheetsberoder Robert O‘Brien an dem Chef vum Etat-Major, Mark Milley. Viru knapp engem Joer hat de Milliardär seng „Männer“ fir Chrëschtdag am Irak besicht. Deemools war den US-President nach mat senger Fra ënnerwee.

mat indymedia/nyc/was

Foto: © Dan Scavino / Social Media Mgr

Related topics Afghanistan, Donald Trump, Irak, Mike Pence, Taliban, Thanksgiving, Zaldoten
Next post Previous post