Netflixtipp: The Adam Project

Zäitreese sinn zanter der Film-Trilogie « Zurück in déi Zukunft » ee beléiften Thema. Och beim neien Netflix-Blockbuster, mam Ryan Reynolds an dem Jennifer Garner verhält et sech änlech.

Den Adam reest an der Zäit zeréck a lant am falsche Joer. Dobäi trëfft hien op säin zwielef Joer aalt « Ech ». Dësen huet den Dout vu sengem Papp nach net ganz verwonnen – dëst féiert zemools an der Schoul dacks zu Problemer.

Nodeems den erwuessenen Adam mat sengem Raumschëff ofgestierzt ass, a sech „kennegeléiert“ hunn, hunn déi zwee eng geféierlech Missioun. Zäitreese sollen net méi méiglech sinn, well dat zu uerge Problemer féiert. A well dem Adam säi Papp um Projet bedeelegt war, kritt och hien een Besuch ofgestatt – allerdéngs ginn et Mënschen, déi dëst verhënnere wëllen.

Mat allen erdenkleche Mëttelen.

Dat interessant um Dréibuch vum Film? Et existéiert schonn zanter 10 Joer, an ass aus den ënnerschiddlechste Grënn net realiséiert ginn. Gutt, datt dat elo nogeholl gouf.

Lount sech de Film?

Ganz kloer, jo! Schonn eleng wéinst dem Cast ass de Film ee Bléck derwäert. Dës weidere ginn et e puer witzeg, schéin an emotional Momenter. D’Stäerkten an dësem aussergewéinleche Film leien awer definitiv bei den Dialogen.

Dernières nouvelles