Search

You may also like

William Gibson: Mam Bléck op d’Zukunft
Neiegkeeten

William Gibson: Mam Bléck op d’Zukunft

Wann een den Erfinder vun engem ganzen Genre ass, da

D’Mënschen hunn zwee Drëttel vun de Reebëscher an der Welt zerstéiert oder beschiedegt
Neiegkeeten

D’Mënschen hunn zwee Drëttel vun de Reebëscher an der Welt zerstéiert oder beschiedegt

Een alarméierende Rapport bestätegt leider, datt duerch d’Ofholzung an Landëmwandlung

D’Covid-Gesetzer musse grondsätzlech verbessert ginn!
Neiegkeeten

D’Covid-Gesetzer musse grondsätzlech verbessert ginn!

Dräi Méint nom Ufank vun den éischte Moossnamen zur Andämmung

„The best version of me“ – Mat Musek a Schauspill zu sech selwer fannen

„The best version of me“ – Mat Musek a Schauspill zu sech selwer fannen

Vum 26. bis den 30. Juli huet de gemeinsame Projet „The best version of me“, organiséiert vun der Fondatioun EME an dem Service National de Psychiatrie Juvénile vun den Hôpitaux Robert Schuman, stattfonnt. Fir eng zweete Kéier gouf dësen intensiven Atelier vun den Éisträicher Spezialistinnen Lilian Genn a Sigrid Reisenberger betreit an huet sech speziell u jonk Patiente geriicht, déi an der Jugendpsychiatrie versuergt ginn.

Wärend d’Lilan Genn sech mat kierperlecher Presenz an der technescher Interpretatioun u Museksuniversitéiten an Éisträich beschäftegt, leet d’Sigrid Reisenberger d’Schauspillakademie Ott zu Wien.

De Workshop, deen den Numm „The best version of me“ dréit, riicht sech virun allem u Jugendlecher a schwéiere Liewesëmstänn. Dobäi bitt en de Jonken, déi wéineg Bezuch zu sech an hirem Kierper hunn, sech op en Neits kennenzeléieren. Méiglech gemaach gëtt dat duerch ënnerschiddlech kënschtleresch Techniken.

Esou sollen si den Zougang zu sech erëm fannen – zu der Virstellung vu sech selwer an erausfanne wouhinner si wëllen. Op dëser Identitéitsrees ginn et e puer wichteg Froen ze beäntwerten: Wéi wëll ech mech selwer erliewen? Kierperlech, séilesch a gedanklech? Wien sinn ech? Wien wëll ech sinn? An ass dat realiséierbar?

Op der Sich no sech selwer hunn déi betraffe Jugendlech d’Theaterwelt an déi ënnerschiddlech Emotioune kennegeléiert. De schauspillereschen Zougang a Kombinatioun mat Live-Musek, déi vum Nataša Grujović (Akkordeon) an dem Benoit Martiny (Perkussioun) iwwerholl gouf, huet et de jonke Leit erméiglecht, alles ze sinn, wat si wëllen – verschidde Versioune vu sech selwer auszeprobéieren. Dëst gouf duerch Beweegung, d’Stëmm an de d‘Téin zum Ausdrock bruecht.

Elo, um Enn vun der Woch gëtt d’Resultat mat enger klenger Performance presentéiert. Et ass ze hoffen, datt de Workshop e bësse gehollef huet, déi Jugendlech neie Mutt an de Wee zu sech selwer erëmfonnt hunn.

Opmaacherbild: © Sam Moqadam / unsplash

Related topics Emotiounen, Fondation EME, Hôpitaux Robert Schuman, HRS, intensiven Atelier, Lilan Genn, Musek, Schauspill, Service National de Psychiatrie Juvénile, Sigrid Reisenberger, The best version of me, Theaterwelt, Zougang
Next post Previous post