Search

You may also like

Covid19-Gesetz: D‘Regierung bleift weider inkoherent
International Neiegkeeten Stories

Covid19-Gesetz: D‘Regierung bleift weider inkoherent

déi lénk leenen déi nei Moossnamen zur Andämmung vun der

money
Changementer drécken op d‘Resultater vun der SES
International Neiegkeeten Stories

Changementer drécken op d‘Resultater vun der SES

D‘SES (Société Européenne des Satellites) mat Sëtz zu Betzder huet

Sech den Normen no riichten
International Neiegkeeten Stories

Sech den Normen no riichten

Nodeems de leschte Freideg d‘Koalitioun déi XIX. Versioun vum Covid19-Gesetz

Global Etüd „The true costs of the banana“

Wéi héich sinn déi extern Käschte vun enger Banann?

Global Etüd „The true costs of the banana“

Um leschte Méindeg huet Fairtrade Lëtzebuerg op d’Konferenz „The true costs of the banana“ invitéiert. Zum beléifte gielen Uebst ass an de leschte Joren eng éischt Etüd erstallt ginn, fir ze kucke wéi héich déi extern ekologesch a sozial Käschte bei der Banann leien. D’Resultater sinn erschreckend an erstaunlech zu gläich!

Trotz immenser Beléiftheet ass d’Bananneproduktioun mat Mënscherechtsverletzungen an dem massiven Asaz vu Pestiziden verbonnen. Eréischt am Januar 2018 hat den däitsche Magasinn ÖKO-TEST ganzer 22 Banannen um Maart ënnert d’Lupp geholl, woubäi déi konventionell ugebaut Fruucht net nëmmen an der Schuel, mee och am Fruuchtfleesch Réckstänn vu Pestiziden enthält. Déi gutt Alternativ dozou ass d’bio- a Fairtrade zertifiéiert Banann, déi mat „ganz gutt“ ofschneide konnt.

Dobäi kënnt, datt de giele kromme Gesell dem geféierleche Pilz Fusarium Tropical Race 4 ausgesat ass. D’Epidemie a Latäinamerika bedreet doduerch déi weltwäit Produktioun. D’Planz, sou wéi och de Buedem ginn zerstéiert a kontaminéiert, wouduerch wärend Joerzéngte keen Ubau méi méiglech ass.

The true costs of the banana

Eng opschlossräich Etüd

Keeft ee sech eng Banann, esou kuckt ee wuel just ob se gutt ausgesäit. Datt hannert der gieler Fruucht awer nach ekologesch a sozial Aspekter stinn, bemierken déi wéinegst ënnert eis. De Wee zur Nohaltegkeet an Transparenz am Banannesecteur fuerdert d’Entreprisen ëmmer méi dozou op, déi extern Käschten an d’Rechnung mat anzebezéien – Käschten, déi bis ewell nach ni esou konkret beziffert gi sinn.

Mat dëser Erausfuerderung huet Fairtrade International True Price an Trucost domat beoptraagt, déi weltwäit éischt Etüd zu den externen ekologeschen a soziale Käschten zur Bananneproduktioun ze lancéieren. Dobäi huet een ee genaue Bléck op déi wichtegst Ubaulänner – Kolumbien, Dominikanesch Republik, Ecuador a Peru – geworf.

Zum soziale Beräich vun der Etüd gehéiere Problemer, wéi Ënnerbezuelung, Gesondheet an Aarbechtssécherheet, Iwwerstonne, sozial Ofsécherung, Kanneraarbecht, Belästegung, Bedreeung op der Aarbechtsplaz an Zwangsaarbecht. D’Ëmweltauswierkunge bezéien sech op de Klimawandel, Land- a Waassernotzung, Offallwirtschaft, sou wéi d’Verschmotzung vu Land, Waasser a Loft.

Positiv Resultater fir d’Fairtrade-Banann

D’Etüd weist, datt déi duerchschnëttlech extern Käschte vun enger Këscht Banannen (18,14 kg) bei 6,70 $ leien. Allgemeng leien déi sozial Käschte bei 60% an iwwersteigen domat déi ekologesch Käschten (40%). Besonnesch negativ sinn déi ze geréng Léin, Sozialversécherunge vun den Aarbechter an nidderegt Akommes vun de Klengproduzenten an hire Famillen ervirgestach. Weider extern sozial Käschte bezéien sech op Belästegung a Sécherheet op der Aarbecht (13%, bezéiungsweis 11%). Bei der Ëmwelt sinn et d’Landnotzung (21%), de Klimawandel (10%) an de Waassermangel (6%), déi mat den héchste Käschte ganz uewe stinn.

Keeft een eng Fairtrade zertifiéiert Banann, esou leien dës extern Käschte ganzer 45% méi déif wéi bei der konventioneller Produktioun. An aneren Zuele schwätzt ee vun 3,65 $ am Verglach zu 6,70 $ pro Këscht Banannen – an dat mécht schonn eppes aus!

Ze erklären ass dësen extremen Ënnerscheet bei Fairtrade duerch besser Léin a sozial Sécherheet fir den Aarbechter, sou wéi besser Resultater bei der Recolte, dem Waasserverbrauch an dem genotzten Dünger.

(v.l.n.r.) Geneviève Krol, Direktesch vu Fairtrade Lëtzebuerg; Silvia Campos, Fairtrade International; Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg © Fairtrade Lëtzebuerg

Bei der Konferenz an der Coque war och d’Silvia Campos vu Fairtrade International dobäi, an huet unhand vu Beispiller d’Problematik beim konventionellen Ubau an d’Virdeeler vu Fairtrade ervir gehuewen. D’Organisatioun bréngt nämlech d’Klengproduzenten a Baueren dozou, datt si op Düngemëttel a Pestizide verzichten, an als Ersatz Mikroorganismen zur Hëllef huelen. Esou bleift de Buedem gesond, Chemikalie gi reduzéiert an den CO2-Ausstouss ka reduzéiert ginn. Zudeem gëtt esou och d’Waasser méi propper gehalen, wouduerch d’Leeschtung an de Gewënn an d’Luucht ginn an den Employée schliisslech vun engem méi héije Loun profitéiere kann. Dës Sue ginn an d’Gesondheet, d’Educatioun an d’Liewensstandarten investéiert.

D’Schlussfolgerung ass kloer: Et ass dringend noutwenneg d’Ursaache vun den externe Käschten ze eliminéieren. Heizou gehéiert ënnert anerem de Präisdrock an d’Net-Anhalung vun nationalen Aarbechtsvirschrëften. Donieft muss an de Regioune selwer op eng méi nohalteg Zukunft higezilt ginn.

The true costs of the banana

© Fairtrade Lëtzebuerg

De Programm ONLY – 100% organesch a Fairtrade zertifiéiert Banannen!

Virun engem gudde Joer ass de Sensibiliséierungsprogramm ONLY presentéiert ginn, woubäi Lëtzebuerger Acteuren ermuddegt solle ginn, hire Cliente just nach 100% Fairtrade Banannen aus biologeschem Ubau ze verkafen. Hëlt een um Programm deel, esou setzt ee sech konkret géint déi massiv Notzung vu Pestiziden a géint d’Verletzung vun de Mënscherechter an der Banannenindustrie an. Eng nohalteg a fair Produktioun ka gefërdert ginn.

Zu Lëtzebuerg hu bis ewell 8 Acteure mat insgesamt 271 verschiddene Filiale sech dem ONLY Programm ugeschloss a ginn als fair Pionéier um Maart ervir. D’Sodexo-Grupp hat als éischten Acteur de Schrëtt no vir gewot. Ugeschloss hu sech Restopolis (mat 125 Sitten), de Pall-Center als éischte Supermarché, den Alima, de Cactus-Shoppi, d’Lëtzebuerger Jugendherbergen, d’Epicerie Beim Lis an ab e Méindeg och d’Sports- a Kulturhal Coque. Si all bidden hire Clienten a Visiteuren ausschliisslech 100 % Fairtrade-Banannen aus biologeschem Ubau un a sinn zum Ufank vun der Woch mat engem Certificat geéiert ginn.

The true costs of the banana

Mir gratuléieren! © Shari Pleimelding/moien.lu

D’Banann 2018

Am Joer 1999 ass d’Fairtrade-Banann zu Lëtzebuerg agefouert ginn. Zënterhier sinn 1.984 Tonne vun der beléifter Fruucht verkaaft ginn. Dobäi sinn 97 % vun de Konsumenten enorm zefridde mat der Qualitéit vum Produit.

  • 90% vun alle Fairtrade-Bananne kommen aus Latäinamerika an der Karibik
  • 106 Organisatiounen u Klengproduzenten a 67 Plantagë representéiere 25.000 Produzenten an Aarbechter an 18 Länner
  • 90.000 € Fairtrade-Primme konnten eleng duerch de Verkaf vun der Fairtrade-Banann zu Lëtzebuerg gewonne ginn
  • Banannen zu Lëtzebuerg komme virun allem aus Peru, der Dominikanescher Republik an Ecuador
The true costs of the banana

© Fairtrade Luxembourg

Wéi de Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg uschléissend erkläert huet, wier een immens houfreg, datt mëttlerweil all drëtt Banann, déi am Grand-Duché verkaaft gëtt, vu Fairtrade zertifiéiert ginn ass. Am Duerchschnëtt leie mir mat dësem Taux iwwert eisen Nopeschlänner. Un d’Ophalen denkt een awer nach laang net: Dat nächst Zil ass et, bis 2020 de Maart zu 50% dës fair giel Friichte verkeeft. Natierlech soll ee sech héich Erwaardunge setzen, sou de Jean-Louis Zeien, mee just esou wier et méiglech weiderhin fir eng méi gerecht an nohalteg Zukunft ze kämpfen.

Iwwregens: Esou eng Fairtrade-Banann ass net méi deier, wéi eng Konventionell. Kritt Dir also d’Wiel gesat, dann ass et luewenswäert sech fir déi fair Versioun ze decidéieren.

Opmaacherbild: © Fairtrade Luxembourg Cooperative Agraria

Related topics Banann, Ënnerbezuelung, Etüd, Fairtrade International, Fairtrade Lëtzebuerg, Geneviève Krol, Gerechtegkeet, Gesondheet, Jean-Louis Zeien, Klimawandel, Nohaltegkeet, Offallwirtschaft, Sécherheet, Silvie Campos, The true costs of the banana, Yves Moecher
Next post Previous post