Search

You may also like

MSF besuergt iwwert d’Zukunft vun de Rohingyas
Business Kultur Neiegkeeten

MSF besuergt iwwert d’Zukunft vun de Rohingyas

Laut Studie vu Médecins sans Frontières (MSF) sollen am Myanmar

Lëtzebuerger Tattoo- a Piercingstudioen: Alles konform?
Business Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerger Tattoo- a Piercingstudioen: Alles konform?

Am Kader vun de sektoriellen Enquêten huet de Ministère vum

D’ALSF mat neier Hotline fir schwanger Fraen a Mamme mat Puppelchen
Business Kultur Neiegkeeten

D’ALSF mat neier Hotline fir schwanger Fraen a Mamme mat Puppelchen

D’ALSF (Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes) deelt mat, datt eng speziell

Casting fir „The Voice“ am Kinepolis

Casting fir „The Voice“ am Kinepolis

Fir déi grouss Talentshow „The Voice“ déi zënter Abrëll 2011 vu „Mark Burnett Productions“ an du vu „One Three Media“ (Ab Staffel 3) an den USA organiséiert gëtt, huet vill Franchisen. Esou och eng am Frankräich, a well Lëtzebuerg enk mat der kultureller Frankophonie verbonnen ass, sinn et d‘Männer hannert de „The Voice France“, déi dësen Event nees bei eis organiséieren.

D‘Lescht Joer am September haten et zwou ganz jonk Lëtzebuerger Sängerinnen an d‘Finall, respektiv an d‘Halleffinall a Frankräich gepackt. Et ass also derwäert, wat erkläert datt de franséische Casting-Direkter Bruno Berberes mam artisteschen Direkter vun „The Voice France“, Pascal Guix fir dëse Casting perséinlech um Kierchbierg uwiesend wëlle sinn. De Casting fënnt statt am Kinepolis.

All Mënsch ouni Altersbegrenzung ka sech mat engem Video-Clip, a senge perséinlechen Daten ënnert castingvlu@gmail.com virstellen. Bis zu 40 Kandidate maximal gi selektionéiert, an dierfen dann den 19. Juni hiert Gléck mat der Jury versichen, a wie weess sech en Ticket fir d‘Schlussronn zu Paräis kropen. Am Fall wou de Kandidat mannerjäreg ass, brauch et d‘Erlaabnis vun den Elteren.

Remark: de Video mat der Presentatioun an dem Lidd (dat dierf ee fräi wielen) muss bis spéitstens de 17. Juni agereecht gi sinn. Déi selektionéiert Kandidate gi per Email benoriichtegt. Kinepolis ass natierlech immens frou, datt „The Voice France“ dësen Event nees mat hinnen am Partenariat mécht. Als Mediepartner vun dësem Event goufen déi erfuere Kolleege vum L‘Essentiel auserwielt.

Related topics Bruno Berberes, Casting-Show, Kinepolis, L‘Essentiel, Pascal Guix, The Voice France
Next post Previous post