Search

You may also like

New York rifft Katastrophennoutstand aus
Neiegkeeten

New York rifft Katastrophennoutstand aus

Well d‘Amerikaner dat mat der sanitärer Krisegestioun net ganz esou

Den LCGB huet dem Sozialminister de Kampf ugesot
Neiegkeeten

Den LCGB huet dem Sozialminister de Kampf ugesot

Et war opbruechte LCGB-President, dee sech gëschter am Virfeld vum

Dokter oder Generaldirekter? (Kommentar)
Neiegkeeten

Dokter oder Generaldirekter? (Kommentar)

De Verwaltungsrot vum CHEM (Centre Hospitalier Emile Mayrisch) huet an

#thinkpositivelu: Keen ass eleng!

#thinkpositivelu: Keen ass eleng!

T’ass net einfach solidaresch, respektvoll, a just am Geescht vereent ze sinn. D’Isolatioun féiert zu Konflikter Doheem, Gefiller vun Onsécherheet kommen erop an eng Aart Verzweiwlung mécht sech breet. Mat der Initiative FMPO fir iech do bitt d’Fondation Maison de la Porte Ouverte een oppent Ouer a suergt mat senge Psychologen a sozio-edukative Professionellen, datt et Iech psychesch gutt goe soll.

Duerch déi aussergewéinlech Situatioun komme ganz nei Gefiller erop, mat deenen Dir net eleng stoe musst. Esou kombinéiert een d’Initiativ FMPO fir iech do an d’Aktioun #thinkpositivelu fir all Bevëlkerungsgrupp déi noutwenneg Ënnerstëtzung schenken ze kënnen.

  • D’Telefonsnummer fir Fraen an Nout: 40 60 01 – 310
  • D’Telefonsnummer fir Elteren: 40 60 01 – 313

#thinkpositivelu

Natierlech kann och gären all interesséiert Persoun bei der Aktioun mathëllefen. Dës weideren gëtt all Dag ee positive Message mam Hashtag #thinkpositivelu verbreet. Och Dir kënnt Är positiv Gedanken esou op Instagram deelen. Weider Informatioune ginn et op thinkpositive.lu.

Opmaacherbild: © J W / Unsplash

Related topics #thinkpositivelu, FMPO fir iech do, Fondation Maison de la Porte Ouverte, Psychologesch Hëllef, Telefonsnummer, Verzweiwlung
Next post Previous post