Concours „Crème Fraîche“ – Net fir ze iessen, mee fir ze kreéieren
Och an dësem Joer lancéiert de Service National de la
Och an dësem Joer lancéiert de Service National de la
Um Méindeg huet d‘EU-Kommissioun déi europäesch Justiz saiséiert, a Polen
D’Ausstellung mam Numm MUNIMALISTIC ass op der Facebooksäit vun Muñoz-art
No engem fantasteschen Iwwerraschungsconcert bei der leschter Editioun vum Food For You Senses Festival – Funeral Feast am vergaangene Mee wäerten d’Grënnungsmembere vun der Hardcoreband dEFDUMp eng lescht Kéier hir ganz Energie an een exklusive Concert leeën. Begleet vun de Museker vum minimalisteschen Electro-Jazz-Kollektiv Klein trieden si um 21. September als THISISFOREVERMORE an der Kulturfabrik op.
De Fokus läit op der Geschicht vum Appolleon a June. D’Konzept, wat op dräi gemeinsamen Albe berout, wäert dobäi och e puer Klassiker, sou wéi nach ni live gespillte Songs vun dEDUMp presentéieren.
Amplaz d’Vergaangenheet nozebauen huet ee versicht d’Musek an d’Messagë vun dEFDUMp opzehuelen, fir dës duerch déi nei Fäegkeeten an d’Talent vun enger neier Generatioun Museker an hirer Leidenschaft ze verpaken. Performt ginn d’Wierker dobäi vum Pol Belardi, Niels Engel, Jérôme Klein, Noémie Leer, Pascal Useldinger a Felix Faber.
THISISFOREVERMORE spillen, zesumme mam Miles Oliver, um 21. September 2019 an der Escher Kulturfabrik. D’Diere maachen um 19:30 Auer op.
Ticketen kritt een op www.kulturfabrik.lu oder www.ticket-regional.de fir 13 € am Virverkaf, oder fir 18 € un der Oweskeess.