Search

You may also like

D’Stad Lëtzebuerg informéiert: Vum Maart bis zu de Chrëschtbeemercher
Neiegkeeten

D’Stad Lëtzebuerg informéiert: Vum Maart bis zu de Chrëschtbeemercher

Hei fannt Dir déi neisten Informatioune vun der Stad Lëtzebuerg.

Nationalen Dag vun der Resistenz
Neiegkeeten

Nationalen Dag vun der Resistenz

Muer Sonndeg ass nationalen Dag vun der Resistenz. Lëtzebuerg erënnert

Grand Ducale: de kofferroude vu Steesel ass en Hommage un de „Red Ale“
Neiegkeeten

Grand Ducale: de kofferroude vu Steesel ass en Hommage un de „Red Ale“

Déi Steeseler Stuff-Brauerei ass eng mat de klengsten artisanale Brauereien

Thorax-Scanner am Nordspidol säit gëschter operationell

Thorax-Scanner am Nordspidol säit gëschter operationell

Nodeems scho leschte Sonndeg d‘Monteuren am Nordspidol (CHdN) ganz engagéiert a mat vill Asaz un der Installatioun vum éischten – vun insgesamt véier – Thorax-Scanner geschafft hunn, steet de Buttek. Dës Aarbechter hu keng Méi gescheit a konnten nach virum Delai des wichteg Apparatur betribsbereet un d’Fleegepersonal iwwerginn. Och sinn hunn sech e Merci verdéngt.

Den Thorax-Scanner ass speziell fir d‘Ënnersichunge vum Broschtkuerf (de Numm seet et jo) geduecht an ass den Ament de Patiente virbehalen, déi sech mam Coronavirus Covid19 Infizéiert hunn. Dank dëser Apparatur, déi um leschte Stand vum technesch Méiglechen ass, ka méi effizient geschafft ginn. Den administrativen Direkter Georges Bassing, ass entspriechend begeeschtert.

„Ech muss hei all den Ekippe fir hiert Engagement ee grousse Merci soen“, esou de Goerges Bassing, deen houfreg op d‘Mataarbechter vum CHdN, an och soss allen Acteure verflicht ass, déi d‘Realisatioun an esou kuerzer Zäit an ënner de widdregen Ëmstänn, déi eist Land derzäit duerchstoe muss, hikritt hunn. Elo kommen dann déi aner dräi Thorax-Scanner un d‘Rei.

Am CHEM zu Esch-Uelzecht sinn se dann elo scho ganz äifreg mat de Preparative fir den zweete Scanner beschäftegt. D‘Container fir d‘Scanner opzehuele sti säit ee Mëttwoch bereet a laut dem Planning sollt dësen da Mëtt Abrëll och operationell sinn. Aus „gudder Quell“ wësse mir awer, datt all déi involvéiert Aarbechter sech virgeholl dësen Termäin virzeverleeën.

Verréckt? Nee, net emol am Usaz. Et solle jo och nach ee Scanner op de Kierchbierg (Robert-Schuman) an een op d‘Areler Strooss (CHL) kommen. An all déi Leit déi sech mat der Montage beschäftege wëssen, datt hiren eenzege Feind d‘Zäit ass. Si sinn sech voll a ganz bewosst, datt hir Aarbecht derzou bäidroe ka Liewen ze retten, a mam Liewe spillt ee bekanntlech net.

Lëtzebuerg ass also, esou wéi mir et eis net midd ginn ëmmer nees ze ënnersträichen, gutt op dës Kris agestëmmt. All déi wichteg Secteure schaffen Hand an Hand, och wann et leider net verhënnere kann, datt nach Leit un der Infektiounskrankheet stierwe wäerten, esou ass eist Land, am direkte Verglach mat anere Länner, konsequent an Zilorientéiert virgaangen.

Zum aktuelle Stand: Laut den Zuelen déi gëschter vun offizieller Säit virgeluecht goufen, huet et zu Lëtzebuerg 2.487 Infektiounsfäll, ze kloen si bis ewell 30 Affer. 2.099 Covid19-Patienten si Residente. Insgesamt hat et bannent 24 Stonnen 168 nei Infektiounsfäll ginn. D‘Zuel vun den Tester läit elo bei 20.092 (+1.402 géintiwwer e Mëttwoch). Dofir: bleift wann ech gelift doheem.

Note: Foto ass just zur Illustratioun, mir hu keng vum CHdN kritt

Related topics CHdN, Coronavirus, Covid19, Nordspidol, Thorax-Scanner
Next post Previous post