Search

You may also like

Belsch: Iwwer 500 nei Covid19-Infektiounsfäll den Dag
International Neiegkeeten

Belsch: Iwwer 500 nei Covid19-Infektiounsfäll den Dag

Entspriechend den Zuelen, déi vun der staatlecher Agence Sciensano virgeluecht

D’Studentefoire 2020 geet den digitale Wee
International Neiegkeeten

D’Studentefoire 2020 geet den digitale Wee

Am Kontext vun der Pandemie wäert déi traditionell Studentefoire 2020, déi

Wat der Däiwel huet en Indian Pale Ale mat Lëtzebuerg ze dinn?
International Neiegkeeten

Wat der Däiwel huet en Indian Pale Ale mat Lëtzebuerg ze dinn?

Mam I.P.A. vun Happkapp & Friends, kéint ee mengen op

Tierkei behënnert d‘Pressefräiheet

Auslännesche Journaliste gëtt d‘Akkreditéierung verweigert

Tierkei behënnert d‘Pressefräiheet

Auslännesch Berichterstattung war dem tierkesche President, Recep Tayyip Erdogan, nach ni geheier, an de Moment kritt dës Ausso eng besonnesch Bedeitung. De Regime vun Ankara verweigert Aktuell villen auslännesche Journalisten d‘Akkreditéierung.

Zu Bréissel ass dëse Fait wuel bekannt, mat enger Stellungnam hält ee sech den Ament awer nach zréck. An esou ass déi däitsch Regierung, déi sech fir d‘Pressefräiheet staark mécht. Zu Berlin huet gëschter de Pressespriecher vun der Regierung, bestätegt, datt eng gréisser Zuel vun europäesche Journalisten (dorënner natierlech och Däitscher) op déi noutwenneg Akkreditéierung waarden.

De Steffen Seibert huet an dësem Kontext erënnert, datt fir d‘Bundesregierung, d‘Pressefräiheet net verhandelbar ass. Wéi vill Journaliste betraff sinn, wollt (oder konnt) de Regierungsspriecher net soen. Sécher ass awer, datt eisem Kolleg an ZDF-Korrespondent, Jörg Base, seng Akkreditéierung net verlängert ginn ass. Dat selwecht ass dem Journalist Thomas Seibert elo passéiert.

Tierkei

Den Thomas Seibert, deen zanter 22 Joer an der Tierkei akkreditéiert „war“, huet erzielt, datt hien eng entspriechend e-Mail vun der tierkescher Regierung erhalen huet, an där awer keng Grënn fir dës Decisioun genannt goufen. ZDF an ARD wëllen elo géint dës Entscheedung Asproch aleeën. Et versteet och kee firwat esou eng Entscheedung aus heiterem Himmel getraff ginn ass.

Säit dem Joreswiessel, waarden an der Tierkei ronn 80 Auslandskorrespondenten op hir nei Pressekaart. En Auswäis dee fir d‘Journaliste schonn eleng dowéinst wichteg ass, well dësen d‘Viraussetzung ass, iwwerhaapt eng Openthaltsgenehmegung ze erhalen. Interessanterweis ass op der Säit vum „Directorate of Comunications“ keen Hiwäis drop, datt et den Ament „ee Stopp“ gëtt.

Tierkei

Beim weltwäite Ranking vun der Pressefräiheet, ass d‘Tierkei 2018 nach op déi 157. Plaz komm (-2). Esou wéi sech d‘Situatioun aktuell entwéckelt, an ugesiichts de Tatsaach, datt honnerte Journaliste schonn am Prisong sëtzen, a kaum en Dag vergeet, ouni datt e Journalist sech viru Geriicht ze veräntwerten huet, dierft et am Klassement nach weider no ënne goen. © RSF

Eng méiglech Ursaach fir dës „Entscheedung“ kéint am Syrien-Konflikt leien, an dem Wëlle vun Ankara, sech dem Kurde-Problem an Nordsyrien „unzehuelen“. Den tierkesche President ka beim Versuch sech den no Autonomie glëschterege Kurden ze entleedegen, keng „feindlech“ Press gebrauchen. Op där aner Säit, ass et natierlech och eng Demonstratioun vun der Muecht

mat indymedia/ber/lon

Foto: (Archiv) © RSF

Related topics Akkreditatioun, Journalisten, Pressefräiheet, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei
Next post Previous post