Search

You may also like

Äddi Jay, du waars net keen!
International Neiegkeeten

Äddi Jay, du waars net keen!

Do hätt sech de Kinneksbond kee besseren Numm fir dës

déi gréng: Jidderengem säin Daach iwwert dem Kapp
International Neiegkeeten

déi gréng: Jidderengem säin Daach iwwert dem Kapp

En Donneschdeg hunn déi gréng am Kontext vun de Chamberwahle

surprise
Den OGB-L gesäit bei der neier Fréirentereegelung vill Problemer
International Neiegkeeten

Den OGB-L gesäit bei der neier Fréirentereegelung vill Problemer

A kierzt gëtt an der Chamber iwwert d‘Reform vum Gesetz

Tierkei: Nom Geriichtsuerteel verdeedegt de Patron vu Cumhuriyet d’Pressefräiheet

Tierkei: Nom Geriichtsuerteel verdeedegt de Patron vu Cumhuriyet d’Pressefräiheet

Grad emol fräie Fouss gesat, no 500 Deeg an Haft, huet de Patron vun der tierkescher Zeitung Cumhuriyet, um Donneschdeg zu Istanbul un enger Maniff fir d’Pressefräiheet deel geholl. Um Mëttwoch ware Mataarbechter vun der Zeitung zu laange Prisongsstrofe veruerteelt ginn.

An engem Verdikt, dat um Mëttwochowend – no engem Prozess deen als Test fir d’Pressefräiheet an der Tierkei gewäert gëtt – geschwat ginn ass, si 14 Mataarbechter vun der Oppositiounszeitung Cumhuriyet zu Prisongsstrofen, tëscht zweeanenhalleft Joer bis zu aacht Joer, veruerteelt ginn. Si ware beschëllegt ginn „terroristeschen Organisatiounen“ ënnerstëtzt ze hunn. Si sinn dann awer net agespaart ginn, d’Prozedur fir den Appell gëtt ofgewaart.

De Patron vu Cumhuriyet, Akin Atalay, deen eenzegen deen nach aus Untersuchungshaft viru Geriicht erschénge war, ass zu siewenanenhalleft Joer Prisong veruerteelt ginn. Hien ass awer ënner Konditioune fräigelooss ginn, bis d’Uerteel am Appell behandelt gëtt.

E puer Stonnen no senger Fräiloossung an der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg, huet den Akin Atalay un enger Maniff fir d’Justiz an d’Pressefräiheet zu Istanbul deel geholl. „Ech si am Moment fräi, mee et ass nach net eriwwer“ sot hien der AFP. „Mir wäerten zu ëmmer méi sinn. Ech gleewen drun, datt d’Justiz, déi aktuell inexistent ass, geschwënn nees zréckkënnt“.

Ze kritesch am Ëmgang mam President

Cumhuriyet, 1924 gegrënnt, ass eng Zeitung déi zolidd kritesch mam tierkesche President Recep Tayyip Erdogan ëmgeet. Dee verdréit dat net, an esou ergëtt sech, datt Cumhuriyet de Géigestand vu vill juristesche Prozesser ass. Et ass ersiichtlech, datt hei all Mëttel agesat ginn, fir der Zeitung de Mond ze verbidden.

Mee Cumhuriyet gëtt awer keng rou, an um Donneschdeg stoung op der éischter Säit a grousse Buschtawen: „Schan der Justiz“. D’Zeitung behaapt, datt de Verdikt géint seng Journalisten als „däischtere Fleck“ an d’Geschicht vun der Tierkei wäert agoen.

„Verschiddener soen sech hoffnungslos, mee am Géigendeel, ech si glécklech“, affirméiert de Akin Atalay. „Mir vertrieden déi gutt Leit an dofir muss ee glécklech sinn (…) dat Gutt gewënnt ëmmer géint dat Béist“.

Schwiereg Journalist an der Tierkei ze sinn

De Patron war um Donneschdeg ënner héije Schutzmoossnamen an d’Raimlechkeete vu der Zeitung komm. Eng riseg Banderolle mat senger Foto an der Opschrëft „Du bass net eleng“ war opgehaange gi fir den Akin Atalay ze begréissen.

„Et ass schwiereg Journalist an der Tierkei ze sinn“ bedauert ee vun de Journaliste vun der Zeitung, Mert Gumus, dee vun der AFP befrot konnt ginn. „Mir schaffen ënnert enormen Drock an kriddelege Konditiounen“.

An engem Appell vun 22 ONGen, wourënner Amnesty International, Reporter ouni Grenzen (RSF) an de PEN-America, ass de Prozess als ee „politesche“ veruerteelt, an den Europarot opgefuerdert ginn seng Memberen dozou ze bewegen „d’Tierkei op seng Verflichtung hinzeweisen, d’Mënscherechter ze respektéieren an ze verdeedegen“.

mat AFP

Foto: No senger Fräiloossung gëtt de Patron vu Cumhuriyet vu senge Frënn am Haaptquartéier vun der Zeitung empfaangen. Hien a seng Journaliste gi beschëllegt, terroristesch Organisatiounen ze ënnerstëtzen. © Bülent Kilic/AFP

Related topics Akin Atalay, Cumhuriyet, Tierkei
Next post Previous post