Search

You may also like

Dat progressiivst Déiereschutzgesetz op der Welt
International Neiegkeeten

Dat progressiivst Déiereschutzgesetz op der Welt

Leschte Mëttwoch ass um Krautmaart, wann een dem Landwirtschaftsminister Fernand

Vill mam Bus ënnerwee? Dann ass dee Quiz hei eppes fir dech!
International Neiegkeeten

Vill mam Bus ënnerwee? Dann ass dee Quiz hei eppes fir dech!

[onionbuzz quiz-id=199][/onionbuzz] Et ginn net grad wéineg Buslinnen am Land.

Asbl ErwuesseBildung: Eng Konventioun déi sozialen Organisatiounen vill Guddes versprécht
International Neiegkeeten

Asbl ErwuesseBildung: Eng Konventioun déi sozialen Organisatiounen vill Guddes versprécht

De Marc Hansen, delegéierte Minister vun der Digitaliséierung, sou wéi

Tierkei: Däitsch Journalistin wéinst Terrorismus ugeklot

Tierkei: Däitsch Journalistin wéinst Terrorismus ugeklot

Um Mëttwoch huet en tierkescht Geriicht bestätegt, datt déi däitsch Journalistin an Iwwersetzerin, déi vum Staat beschëllegt gëtt enger terroristescher Organisatioun unzegehéieren, muss am Prisong bleiwen. De Prozess selwer ass, esou seng Affekoten, gëschter opgemaach ginn.

D‘Mesale Tolu, agespaart säit Enn Abrëll, gëtt beschëllegt der MLKP (Marxistesch Leninistesch Kommunistesch Partei) unzegehéieren. Dës politesch Formatioun ass an der Tierkei verbueden an gëtt zudeem als „terroristesch“ bezeechent. Eleng dofir riskéiert d‘Journalistin eng Prisongsstrof vu bis zu 15 Joer.

Déi däitsch Biergerin vun 33 Joer mat tierkesche Wuerzelen, war als Journalistin an Iwwersetzerin fir eng kleng tierkesch Presseagence ETHA (Etkin Haber Ajansi), déi als politesch lénks ageuerdent gëtt, aktiv. Si steet zesumme mat 17 weidere Persounen zu Silvri (bei Istanbul) viru Geriicht.

E Geriicht dat um Mëttwoch entscheet huet, datt d‘Mesale Tolu a fënnef aner ugekloten am Prisong op d‘Suite vum Prozess musse waarden. Aacht Leit sinn bis zum Jugement op fräie Fouss gesat ginn. Eng Situatioun déi fir déi jonk Mamm, déi mat hirem 3järege Jong agespaart ass, wou wéineg Hoffnung besteet.

Eng geféierlech Aarbecht

Déi Leit déi d‘Mesale Tolu an dëse schwéiere Stonne bäistinn, gesinn am Prozess e politeschen Akt.

„Ech verwerfen d‘Beschëllegungen déi mir entgéint gehale ginn. Ech si vun der Police als Zilscheif geholl ginn, wéinst enger Iwwersetzung déi ech fir ETHA gemaach hunn“, esou d‘Mesale Tolu géintiwwer dem Geriicht. D‘Journalistin gëtt dann och nach beschëllegt u Manifestatiounen an Begriefnesser vun der MLKP deelgeholl ze hunn.

Déi Leit déi d‘Mesale Tolu an dëse schwéiere Stonne bäistinn, gesinn am Prozess e politeschen Akt. Säi Papp, den Ali Riza Tolu, huet nach um Mëttwoch d‘Beschëllegungen déi géint seng Duechter ausgeschwat ginn, als „eidel Ligen“ bezeechent; esou déi kuerz Informatioun op der Facebooksäit vun ETHA.

D‘Journalistin ass dann awer och nëmmen eng vun de sëllechen Däitschen, déi an der Tierkei am Kader vum Noutstandsgesetz agespaart goufen. En Noutstand, deen nom gescheiterte Putsch am Juli 2016 ausgeruff ginn ass. Ënnert hinnen och den däitsch-tierkesche Journalist Deniz Yüksel, dee schonn zanter Februar an Haft ass.

D‘Politik am Asaz

Zu Berlin ass ee sech wäitleefeg eens, datt hei Ankara ganz kloer versicht Drock op déi däitsch Regierung auszeüben. Säit dem versichte Putsch, deen an der Tierkei genotzt ginn ass, fir alles wat fir den Erdogan ass anzespären, hu sech d‘Relatiounen tëscht béide Länner ofgekillt. Däitschland veruerteelt d‘Pürge, déi 50.000 Verhaftungen an iwwer 140.000 Entloossungen aus dem Staatsdéngscht mat sech bruecht huet.

Trotz dëser ugespaanter Lag huet den däitschen Ausseminister Sigmar Gabriel matgedeelt, datt hien näischt wäert onversicht loossen, der Journalistin ze hëllefen. „Mir fuerderen e fairt a rechtsstaatlecht Verfahren. Et sollt virun allem elo schnell goen, fir datt d‘Mesale Tolu méiglechst schnell nees Heem ka kommen“.

Och de Leader vu „Bündnis 90 die grüne“, den Cem Özdemir fuerdert vun der Tierkei nees Buedemhaftung ze kréien: „Eng Normaliséierung vum Verhältnis zur Tierkei kann et net ginn, esou laang do Geiselen am Prisong festgehale ginn“. Hie bedauert datt de staarke Mann aus Ankara anscheinend just d‘Sprooch vum Geld versteet „an déi musse mir anscheinend schwätzen, wa mir dem Mesale Tolu an all deenen aneren hëllefe wëllen“. Op der Plaz selwer zu Silvri, d‘Heike Hänsel vun der Fraktioun déi Linke am Bundestag. Si observéiert de Prozess. „Et ass e Schauprozess“ deen de Wahnsinn vun enger Diktatur ofzeechent.

mat AFP

Foto: D‘Suleymaniye Moschee zu Istanbul am Sonnenënnergang. © Ozan Kose/AFP

Related topics Journalistin, Politik, Terrorismus, Tierkei
Next post Previous post