Search

You may also like

EU-Kommissioun: Kreativitéit a Kultur sollen de Budget gekierzt kréien
Neiegkeeten

EU-Kommissioun: Kreativitéit a Kultur sollen de Budget gekierzt kréien

Enn Juni huet sech de Kultur- a Bildungscomité vun der

Däitschland: Schwéiere Fall vu sexuellem Mëssbrauch opgedeckt
Neiegkeeten

Däitschland: Schwéiere Fall vu sexuellem Mëssbrauch opgedeckt

Et ass dee jéngste landeswäite Mëssbrauch deen d‘Enquêteure vun der

New Yorker Procureure erhieft Uklo géint NRA
Neiegkeeten

New Yorker Procureure erhieft Uklo géint NRA

D‘Generalstaatsanwältin vum US-Bundesstaat New York huet géint déi allmächteg National

En LGBT-Marsch an der Tierkei suergt fir Sträit

D'Tierkei deet sech weider schwéier mam Sujet

En LGBT-Marsch an der Tierkei suergt fir Sträit

Trotz dem Verbuet hunn d’Organisateure vum „Marsch vun der Houfregt LGBTI“ ugekënnegt, un der haideger Manifestatioun festzehalen. Eng Manifestatioun déi ausgerechent op der emblematescher Taksim-Plaz soll stattfannen. Dëst géint de Wëlle vum Gouvernorat.

D’Autoritéiten hu sech géint d’Ofhale vum Marsch an der Manifestatioun ausgeschwat. D’ëffentlech Uerdnung soll net gestéiert an d’Sécherheet vun den Touristen an der betraffener Zon soll erhale ginn. Esou huet et de Gouvernorat vun Istanbul op sengem Site ee Samschdeg duergestallt. D’Autoritéiten erklären zudeem, datt si keng formell Demande kruten. Vun der Manifestatioun, déi gëschter um 17 Auer sollt stattfannen, goufe si eréischt iwwer Internet an aus der Zeitung gewuer.

D’Organisateuren hirersäits hu geäntwert, datt den Evenement wéi virgesi géif stattfanne a qualifizéieren de Verbuet als onbegrënnt. „De Büro vum Gouverneur weess säit laangem iwwert eise Projet Bescheed. Mir hunn eis Demande scho viru Wochen agereecht“, verséchert d’Lara Ozlen, Member vum Organisatiounscomité .

Dreeunge vu Riets

Rietsextrem Gruppéierungen haten an de sozialen Netzwierker ugekënnegt sech de Manifestanten „unzehuelen“. Si schéngt et besonnesch ze stéieren, datt d’Manifestatioun op den éischten Dag vum „Aïd“, d’Festivitéit déi den Enn vum Ramadan zelebréiert, stattfënnt. „Eis ze soen net fir eis Rechter ze demonstréiere well et verschidde Leit stéiert, ass ondemokratesch“, seet dozou d’Lara Ozlen.

De Communiqué vum Gouvernorat rifft dozou op net dem Appell ze manifestéieren ze follegen an dem Opruff vun den Autoritéiten nozekommen. D’Entscheedung vun den Autoritéite gëtt vun Amnesty International mat Suerg gesinn. An hirem Communiqué deelen si mat: „Dës Entscheedung respektéiert net d’Rechter vun den LGBT an hiren Ënnerstëtzer sech friddlech dierfen ze versammelen“ an appelléieren d’Tierkei de Verbuet opzehiewen, déi demokratesch Rechter an d’Meenungsfräiheet ze respektéieren.

De Marsch vun der Houfregt ass zu Istanbul zanter 2015 verbueden, wou laut der Vereenegung LGBT d’Autoritéiten den Evenement a Fro gestallt hunn, wëll dësen an den hellege Mount vum Ramadan géif falen. 2016 war d’Manifestatioun verbuede ginn, wéi d’Land vun enger Serie Attentater vum islamesche Staat (IS) an separatistesche Kurde betraff war. A béide Fäll haten sech d’Manifestanten iwwert de Verbuet ewech gesat a waren all Kéiers vun der Police brutal ausenaner gedriwwe ginn.

Ëmmer friddlech gewierscht

D’Homosexualitéit gëtt an der Tierkei net juristesch verfollegt, mee d’Homophobie bleift staark verbreet.

An de Jore virdrun, waren dës Manifestatiounen ëmmer ouni Tëschefall friddlech verlaf. Dausende Mënschen hunn deel geholl, fir d’Rechter vun enger Minoritéit ze verdeedegen. Et war ee vun de gréissten Evenementer dëser Aart an engem musulmanesche Land am Mëttleren-Osten. D’Homosexualitéit gëtt an der Tierkei net juristesch verfollegt, mee d’Homophobie bleift staark verbreet.

D’Géigner vun der Regierung denoncéieren eng Aschränkung vun de Fräiheeten an der Tierkei, besonnesch zanter dem versichte Putsch am Juli 2016. Den „Etat d’Urgence“ deen heirop ausgeruff ginn ass, an nach ëmmer a Kraaft ass, verstäerkt déi restriktiv Astellung vum aktuelle Regime.

„De Net-Respekt vum Gesetz erreecht säi Paroxysmus ënnert dem Etat d’Urgence“, huet rezent de Levent Piskin, Affekot vum LGBT-Comité zu Isatnbul der AFP matgedeelt. Hie seet och, datt d’Situatioun an der Tierkei sech déifgräifend verschlechtert, mat Ugrëff aus de nationalisteschen a konservative Kreesser.

mat AFP

Foto: Ee Reebou-Fändel gëtt um 19 Juni vrum Geriicht zu Istanbul geschwenkt. Dëst als Zeeche vu Solidaritéit fir 11 LGBT-Aktivisten déi ugeklot sinn, wëll se d’läscht Joer un der Gay Pride deelgeholl haten, an dës vun den Autoritéite verbuede gi war. (© Ozan Kose/AFP)

Related topics LGBT, Tierkei
Next post Previous post