Search

You may also like

USA: Schéisserei a Klengstad
International Neiegkeeten

USA: Schéisserei a Klengstad

Um Dënschdegmueren (Lokalzäit) huet ee 67 järegen an der Klengstad

D‘CGFP fuerdert eng Entrevue mam Premierminister
International Neiegkeeten

D‘CGFP fuerdert eng Entrevue mam Premierminister

Den Daachverband vun de Gewerkschafte vun der Fonction Publique (CGFP)

Editorial: De Sultan an Netflix
International Neiegkeeten

Editorial: De Sultan an Netflix

Ewéi wann d’Welt net scho genuch Problemer hätt – elo

Tierkei wëll seng Bezéiung zu Libyen verstäerken

Ankara préift e Militärofkommes mat der international unerkannter Regierung zu Tripolis

Den NATO-Partner Tierkei hat e Samschdeg annoncéiert seng militäresch Ënnerstëtzung fir Libyen op de Leescht ze huelen. Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet zu Ankara gesot: „Mir wäerten all Form vu militärescher Ënnerstëtzung, d‘Buedem, d‘Loft an Séi-Optioune falls néideg préiwen“.

E Freideg hat dat tierkescht Parlament dem ëmstriddene Militärofkommes mat der international unerkannter Regierung zu Tripolis gréng Luucht ginn. Mat dësem „Accord“ gëtt der Tierkei de Wee fräi gemaach, eng méi „aflossräich“ Roll a Libyen anzehuelen. Schonn elo beliwwert d‘Tierkei déi libesch Regierungstruppe mat „Material“.

Aktuell sinn et haaptsächlech Panzer an Dronen déi vun der Tierkei geliwwert ginn. Domatter sollen d‘Regierungstruppen sech den Attacke vum Generol Chalifa Haftar erwiere kënnen. Am Militärofkommes ass awer ausdrécklech keen direkten Asaz vun tierkeschen Zaldote virgesinn. Dofir brauch et en eegestännegt Mandat.

De Generol Chalifa Haftar versicht zanter Méint d‘Muecht a Libyen u sech ze räissen, misst dofir awer och d‘Haaptstad Tripolis „iwwerhuelen“. Dat ass bis ewell net gelongen. Interessant hei: de Generol gëtt vu Saudiarabien, de Vereenegten Emirater (UAE), Egypten a Russland ënnerstëtzt. D‘USA hirersäits stinn hannert der Regierung vun Tripolis.

Washington ass awer och de gréisste Waffeliwwerant fir Saudiarabien an déi Vereenegt Emirater, a Russland bedreift Waffenhandel mat der Tierkei (S400). D‘Bezéiungen tëscht Washington an Ankara si wéinst der Unerkennung vum armenesche Vëlkermord, an eben dem Kaf vum russesche Rakéitenofwiersystem eppes ofgekillt.

Mat dësem Militärofkommes tëscht Ankara an Tripolis, stinn sech elo Acteuren an engem Konflikt géinteniwwer, déi an anere Konflikter ganz géigesätzlech Positiounen anhuelen. (Syrien, Jemen…) Alleguerte ginn se vir, sech fir de Fridden anzesetzen… D‘Roll vun den Europäer am libesche Konflikt ass zudeem och net ofschléissend gekläert.

mat indymedia/tlv

Foto: De grousse Mufti vu Libyen, Scheich Sadiq al-Ghariani hat Enn November seng „Regierung vum Nationalen Accord“ (GNA) opgeruff sech mat der Tierkei op ee maritime Memorandum ze verstännegen. En war en éischte Schratt, bei deem de Mufti d‘Regierung ermontert huet, déi tierkesch Militärhëllef unzehuelen, fir sech géint d‘Attacke vum Generol Chalifa Haftar ze wieren. © Anadolu (File)

Related topics Ankara, Chalifa Haftar, Lybien, Militärofkommes, Recep Tayyip Erdogan, Russland, Sadiq al-Ghariani, Saudiarabien, Tierkei, Tripolis, Vereenegt Emirater
Next post Previous post