Search

You may also like

Belsch: Biker fuerderen hir „Fräiheet“ zréck
Fail International Neiegkeeten

Belsch: Biker fuerderen hir „Fräiheet“ zréck

De Verband „Associatioun zur Verdeedegung vun de motoriséierten Zwee-Rieder“ (ADDRM)

money
Vu Liquidatiounen a Faillitten
Fail International Neiegkeeten

Vu Liquidatiounen a Faillitten

Datt d‘Covid19-Pandemie en zolitten Impakt op d‘Wirtschaft géif hunn, dat

E Liewen no „Porn Queen“? Méiglech, a sënnvoll
Fail International Neiegkeeten

E Liewen no „Porn Queen“? Méiglech, a sënnvoll

Datt et no „Porn Queen” nach ee Liewe gëtt beweisen

dislike

Tierkei: Putschiste viru Geriicht

Tierkei: Putschiste viru Geriicht

Haut gëtt zu Ankara de gréisste Geriichtsprozess géint presuméiert Putschisten opgemaach. D‘Leit, vun deenen ugeholl gëtt, datt si um Putschversuch am Juli 2016 deel geholl hunn, mussen sech haut virum Gesetz veräntwerten. D‘Audienz soll um 9 Auer eiser Zäit ufänken.

486 Männer stinn also op dësem Dënschdeg, an engem sonner ugeluechte Geriichtssall vum Prisong bei Ankara, virun hire Riichter. Si sollen de Putsch vum Loftwaffestëtzpunkt Akinci, deen als Kommandozentral ugesi gëtt, dirigéiert hunn. D‘Autoritéite behaapten sech drop, datt vun hei aus de Piloten de Uerder ginn ass, d‘Parlament an de Presidentepalais ze bombardéieren.

Vun den Ugeklote sinn der 461 inhaftéiert, siwen hätten sech duerch d‘Bascht gemaach, de Rescht erschéngt fräi. De Haaptugekloten awer feelt. Et handelt sech hei ëm den am Exil liewenden Priedeger Fethullah Gülen. Dee gëtt vun Ankara als de Kapp vum Putsch ugesinn, wat de Beschëllegten dementéiert.

Och „ofwiesend“ den Adil Oksuz, deen als operative Leader vun de Putschiste bezeechent gëtt. Hie war wuel nom Putschversuch festgeholl ginn, mee op Uerder vun engem Riichter nees op fräie Fouss gesat ginn. Säin „Adjoint“, de Geschäftsmann Kemal Batmaz, ass inhaftéiert an deemno bei der Verhandlung präsent.

Mat derbäi ass och de fréiere Chef vun der Loftwaff, Akin Ozturk. Him gëtt och eng Schlësselpositioun beim Putsch ugehaangen. Mat aneren Ugeklote steet hien dann och nach bei anere Verhandlunge viru Geriicht, dorënner eng Kéier wéinst engem geziilten Uschlag op de President Erdogan.

Maximal Sécherheet

Eng ganz Rëtsch u Beschëllegunge gi géint déi presuméiert Putschisten zréckbehalen. Dat geet vum versichte Muerd um President Erdogan bis zum Ugrëff op d‘Verfassung. De Chef vum Etat-Major, de Generol Hulusi Akar a weider héich Offizéier waren um Loftwaffestëtzpunkt sequestréiert ginn, iert se an de fréie Mueresstonne vum 16 Juli fräigelooss goufen.

D‘Geriichtsverhandlung gëtt am Prisong vu Sincan ofgehalen. Hei gouf ee Sall gebaut dee 1.500 Leit kann ophuelen. Hei sollen och déi aner grouss Verhandlunge stattfannen. Fir d‘Sécherheet während der Audienz ze assuréieren, sinn 1.130 Beamten am Sall a ronderëm de Prisong opgestallt. Eng Iwwerwaachungs-Drone, gepanzert Gefierer a „Sniper“ ronnen den Dispositif of.

Am Mee war hei schonn e Prozess géint 200 presuméiert Putschisten ofgehale ginn. Deemools ware virum Prisong ee sëlleche Manifestanten opgelaf an hunn d‘Doudesstrof fir déi Ugeklote gefuerdert. Beim Putschversuch solle bis zu 250 Mënschen d‘liewe verluer hunn, och 24 presuméiert Putschisten hätten de Virfall net iwwerlieft.

Eng ganz Rei un Prozesser sinn während de leschte Méint an der Tierkei géint sougenannte Putschisten opgemaach ginn. Iwwer 50.000 Tierken si vun der Regierung verhaft ginn a beschëllegt, deel vum Gülen-Reseau ze sinn.

mam Raziye Akkoc/AFP

Foto: Pixabay

Next post Previous post