Search

You may also like

Esou mécht en US-Milliardär Wahlkampf
Neiegkeeten

Esou mécht en US-Milliardär Wahlkampf

US-Milliardären dinn sech mat ethesche Grondlage schwéier a wier de

Mat Récksiicht op Flora a Fauna: Maintenance-Aarbechten beim Fliedermaustunnel
Neiegkeeten

Mat Récksiicht op Flora a Fauna: Maintenance-Aarbechten beim Fliedermaustunnel

Den Naturpark Our deelt mat, datt den Erliefnispad beim Fliedermaustunnel

Stroossefotografie fokusséiert op säi Festival
Neiegkeeten

Stroossefotografie fokusséiert op säi Festival

Vum 13. bis de 16. Mee, organiséiert de Kollektiv Stroossefotografie

Tierkei: Schweden besuergt, Däitschland geet et duer

Op en neits sinn Aktiviste festgeholl ginn

Tierkei: Schweden besuergt, Däitschland geet et duer

No der Verhaftung vu sechs Amnesty International (AI) Membere bei Istanbul de 5. Juli, elo déi éischt offiziell Reaktiounen. D’Ausseministerin vu Schweden huet hir „grouss Suerg“ ausgedréckt, hiren däitschen Homolog brécht d’Vakanz of.

Déi sechs Mënscherechtler ware vun den tierkeschen Autoritéiten op der Insel Büyükada während engem Internetsécherheets-Workshop festgeholl ginn. Dorënner d’Direktesch vun der ONG Idil Eser. Alleguerten si se agespaart ginn a mussen elo op onbestëmmten Zäit am Prisong op hire Prozess waarden.

Mënscherechter a Fro gestallt

Fir déi schwedesch Ausseministerin Margot Wallstrom e Grond fir besuergt ze sinn. De Schwed Ali Gharavi wier op d’Insel Büyükkada gereest „fir un engem friddleche Seminär iwwer d’Fräiheet am Internet deelzehuelen. Mir hunn d’Tierkei opgefuerdert ganz schnell kloer ze stellen op wat fir enger Grondlag d’Beschëllegunge géint hie baséieren“, esou d’Ausseministesch an engem Communiqué.

Déi schwedesch Regierung „ass op dat déifste besuergt am Bezuch op dat weidert virgoen an der Tierkei, besonnesch wat d’Mënscherechter, d’Demokratie an d’Prinzipie vum Staats-Fonctionnement betrëfft“, esou d’Margot Wallstrom weider.

Véier aner Membere vun AI, déi mat de sechs verhaft gi waren, sinn op fräiem Fouss, dierfen awer d’Tierkei bis op Weideres net verloossen. Déi tierkesch Autoritéite behaapten, datt se alleguerten eng „terroristesch Organisatioun“ ënnerstëtzt hätten. Den däitschen Ausseministère huet, well och ee vu senge Bierger verhaft ginn ass, de Schweden eng enk Zesummenaarbecht zougesot.

De Bou iwwerspaant

Mat der Verhaftung vum Peter Steudner schéngt d’Mooss voll ze sinn. De Spriecher vum däitschen Ausseministère, Martin Schäfer, huet bestätegt, datt den tierkesche Botschafter zitéiert ginn ass. Bei der Entrevue gouf et net déi üblech diplomatesch Floskelen: „Dem tierkesche Botschafter ass klipp a kloer gesot ginn, datt d’Verhaftung vum Peter Seuber an den anere Mënscherechtsaktivisten, weder nozevollzéien nach akzeptabel ass, a scho guer net vermëttelbar“.

Den däitschen Ausseminister Sigmar Gabriel huet seng Vakanz ofgebrach. Hie wëll haut mat Kollegen an Experten iwwer Konsequenze beroden.

Den däitschen Ausseminister Sigmar Gabriel huet seng Vakanz ofgebrach. Hie wëll haut mat Kollegen an Experten iwwer Konsequenze beroden. Dobäi wäert et ëm Grondsätzleches goen an de Spriecher léisst keng Zweiwel opkommen: „D’Ereegnesser vun de leschten Deeg maachen, datt mir eecht Bedenken un deem hunn, wat den tierkesche President an déi tierkesch Regierung vun Absichten hunn. Dat am Bezuch op d’Verhältnis zu Däitschland an Europa, a wat d’Bezéiung zum Westen an de westlechen an europäesche Wäerter ugeet“.

D’Aktioun géint déi respektéiert an unerkannte Mënscherechtsorganisatioun huet de Bou iwwerspaant. Féierend Politiker fuerdere wirtschaftlech Konsequenze fir d’Tierkei. Déi eenzeg Sprooch déi den Recep Tayyip Erdogan géing verstoen.

Däitsch Entreprisen ënner Terrorverdacht

D’Bundeskriminalamt (BKA) huet bestätegt eng vun der tierkescher Regierung opgestallte Lëscht iwwerreecht kritt ze hunn. Heirobber sollen sech och däitsch Firme befannen, ënner aneren Daimler a BASF. Deene gëtt virgeworf Verbindungen zu der Beweegung vum Fettulah Güllen ze hunn. Dee gëtt vum tierkesche President fir de versichte Putsch vum leschte Joer verantwortlech gemaach.

Alles an allem sollen 68 Entreprisen op dëser Lëscht stoen, déi dem BKA scho viru Wochen zougestallt ginn ass. A Regierungskreesser gëtt déi als „lächerlech“ an „absurd“ bezeechent. Vum BKA gëtt erkläert: „déi enthalen Donnéeën a Virwërf sinn net konkret. Eng onmëttelbar Gefährdung vu Firmen déi an Däitschland hire Sëtz hunn ergëtt sech opgrond hirer Ernimmung net“, esou d’Spriecherin.

mat AFP an Indymedia

Foto: Policebüro zu Büyükada (Archivbild 2012 – CC Dickelbers)

Related topics Amnesty International, Tierkei
Next post Previous post