Search

You may also like

Supertaifun Mangkhut trëfft op d‘Philippinnen
International Neiegkeeten

Supertaifun Mangkhut trëfft op d‘Philippinnen

De Supertaifun Mangkhut huet um fréie Samschdegmueren den Norde vun

USA: Steve Bannon wéinst Bedruch verhaft
International Neiegkeeten

USA: Steve Bannon wéinst Bedruch verhaft

De fréieren Trump Conseiller ass um Donneschdeg zu New York

Wa Liewensraim dramatesch zeréckginn an eis Déieren ausstierwen
International Neiegkeeten

Wa Liewensraim dramatesch zeréckginn an eis Déieren ausstierwen

Souwuel um weltwäiten, wéi och um nationalen Niveau erliewe mir

An der Tierkei stinn sech Vergaangenheet an Zukunft géinteniwwer

An der Tierkei stinn sech Vergaangenheet an Zukunft géinteniwwer

Zanter elo eppes iwwer sechs Wochen, versichen sech d‘Studenten an d‘Léierpersonal vun der Istanbuler Bosporus-Universitéit „Bogazici“ am Widderstand. Dat alles fënnt direkt um Campus statt a gëtt, wéi et sech gehéiert, massiv an de sozialen Netzwierker verbreet. An dat alles well de Sultan en neie Rektor fir d‘Universitéit ernannt huet?

An der Tierkei – wéi a ville Länner op der Welt – ass e traditiounsgeméiss esou, datt ee Member vun der Universitéit, zum Rektor ernannt gëtt. Zanter dem gescheiterte Putsch am Joer 2016, wou dem Recep Tayyip Erdogan iwwer Nuecht déi absolutt Vollmuecht zougefall ass, huet hien d‘Recht d‘Direktere vun den Universitéite selwer ze ernimmen. Mécht Sënn well: „Wëssen ass Muecht!“.

Esou ass den treien a loyalen AKP-Parteizaldot, Mehli Bulu, zum neie Rektor vun der Bosporus-Universitéit ernannt ginn. Et ass schonn déi 20. Universitéit an der Tierkei, déi iwwert dëse Wee ënner neie Management gesat gëtt. Déi wierklech grouss „Attributer“, déi all dës nei Acteuren am Héichschoulwiese gemeng hunn: keng akademesch Leeschtung mee reliéis fundamentalistesch.

Op der Bogazici hunn sech d‘Proffen dem Protest vun de Studenten ugeschloss. Si versammelen sech ee puer mol virum Büro vum Rektor, an dréinen der Dier der Réck zou. Vill Symbolik a Pathos? Net nëmmen, a protestéieren an der Tierkei ass ënnert dem Sultan och eng gewote Saach. Ganz séier kann den Ausdrock vun Onzefriddenheet vun den Autoritéiten als Terror bewäert ginn.

Vu Gotteslästerung a Recht op Selbstbestëmmung

Eigentlech dierft et a kenger Uni vum Land Professere ginn, déi sech der politescher Ausriichtung vum der AKP an hirem vu Gott bestallten Herrscher entgéintstellen. Déi hat de Recep Tayyip Erdogan jo eigentlech all aspäre gelooss. Méiglech ass awer och, datt zumindest déi gebilten Tierken net méi ganz esou begeeschtert, hannert dem Dram vun neien osmanesche Räich stinn.

De Protest huet dann och nach eppes u Schäerft gewonnen, wéi „Reeboufändelen“ vun der LGBTI-Beweegung bei enger „reliéiser Duerstellung“ opgetaucht sinn. Déi dem Islam héiereg Regierung, huet aus dem Stand reagéiert. Den tierkeschen Ajatollah fir bannenzeg Ugeleeënheeten, Süleyman Soylu, huet vu „Perverse“ geschwat an den Dissens an d‘Feld vum Kulturkampf gefouert.

Woubäi ze bemierken ass, datt déi „westlech Dekadenz“ éischter friddlech, an déi sougenannten „islamesch Tugendhaftegkeet“ erwisenermoossen déidlech ass. An natierlech kann een an der Tierkei – wéi an allen islamesch an/oder kathoulesch fundamentalistesch gepräägte Länner, mat Homophobie Stëmmung maachen. Mee och dat fänkt un ee „Baart“ ze kréien an deels ze nerven.

Gutt dräivéierel vun der tierkescher Bevëlkerung ass der Meenung, datt Universitéiten hir Reegele selwer solle festleeën an esou och hir Problemer selwer sollte gekläert kréien. Et wiere mindestens zweedrëttel vun den AKP Wieler an och eng Majoritéit vun den Unhänger, vun der nationalistescher MHP, net méi averstanen, datt de Sultan d‘Rektoren ernennt. Dat wier Saach vun den Unien…

Kuerzfristeg ass dësem „Mëssverständnes“ net bäi ze kommen

De Recep Tayyip Erdogan sëtzt fest am Suedel, an trotz dem Fait, datt eigentlech nach just Leit op d‘Uni ginn, respektiv do enseignéieren, déi hien net als „Gefor fir déi national Sécherheet“ gesäit, schéngt sech d‘Blat ze wennen. Besonnesch déi Jonk – esou den Androck – hunn dem Sultan säi reliéist Spill duerchkuckt. Si hunn awer och keng Loscht sech am Land fir ee Wiessel anzesetzen.

Vill Jonker hunn et matkritt, datt dës Regierung hinne keng Zukunft ze bidden huet, an zweedrëttel ënnert hinne wëllen d‘Land méiglechst bal verloossen. A jo, och hei si wäit iwwer 50% vun den Ausreeswëllegen Unhänger vun der AKP. An nieft dem neien islamesche Fundamentalismus, wierkt sech och nach d‘Covid19-Kris an déi einfach keen Enn fannent Wirtschaftskris op d‘Gemidder aus.

De Sultan gesäit an eppes Schwieregkeeten ze hunn, déi Jonk dovunner ze iwwerzeegen, datt déi kulturell a wirtschaftlech Errongenschaften ënnert senger Féierung, eenzeg an eleng hinne géif zerguttst kommen, si wiere schliisslech d‘Zukunft. An si hätte leider keng Anung dovunner, wéi schlecht d‘Welt an Verhältnisser an der Tierkei waren, iert hien, endlech nees alles gekläert hätt.

Wat soll een dorënner verstoen? Do bitt sech ee Beispill un: virun ee puer Deeg war de Sultan a senger Heemescht beim schwaarze Mier, wou hien déi lokal „Recep Tayyip Erdogan Universitéit“ (déi heescht wierklech esou) besicht huet. Richteg ass och, datt ënnert dem tierkescher President, d‘Geld fir d‘Universitéite verzéngfacht ginn ass. Blöd wann de Merci en anere wéi erhofft ass.

Si protestéieren an de Messias riicht nei Fakultéiten an

Non Besuch vun der Universitéit déi säi Numm dréit, huet sech de Sultan zu Istanbul op der Bosporus-Universitéit zu Wuert gemellt. Als Äntwert op de „Protest“, huet de Recep Tayyip Erdogan 2 nei Fakultéiten ariichte gelooss: eng fir „Jurisprudenz“ an eng fir „Kommunikatioun“. D‘Studenten an hir Proffe stelle fest, datt keen dës Fakultéite verlaangt hätt an hei bréicht.

Si erklären sech dat nëmmen esou, datt d‘Regierung net nëmme méi iwwert hir Relioun a sexuell Selbstbestëmmung befanne wëll, mee hinnen elo och virschreiwe wëll, wat si ze léieren hätten. Et muss nach emol betount ginn, datt déi meescht „pro AKP“ sinn, a kee Stress domadder hunn, datt d‘Schafe vum neien osmanesche Räich, noutfalls och mat Gewalt kéint oder wäert verbonne sinn.

Et ass eng komplex Situatioun, déi esou séier net ze entwurrelen ass. Sécher jiddefalls ass, esou wéi d‘Monica Semedo net op hiert Akommes als EU-Deputéiert verzichte kann/wëll, wäert och de „Looser“ Mehli Bulu kee Réckzéier maachen. De Job ass immens Lukrativ an de Statut verlackend, zudeem wier ee Récktrëtt eng grouss Blamage fir de Recep Tayyip Erdogan. Dat ass onzoulässeg.

mat indymedia/tlv

Foto: Net all Protest verleeft „roueg“, esou wéi hei um 9. Februar. D‘Medie gi maximal behënnert, et sollt esou mann wéi méiglech am Ausland bericht ginn. Am Land selwer wëssen d‘Medien, d‘Berichterstattung esou flaach ze halen, wéi dat vun Ankara aus gefuerdert gëtt. © Ozan Acidere / Kelepcesiz Akademi

Related topics AKP-Partei, Mehli Bulu, Recep Tayyip Erdogan, Sultan, Tierkei, Universitéit Bogazici
Next post Previous post