Search

You may also like

Spärung vum Tunnel Markusbierg wéinst Testzeenarien (25.10.2020)
International Meenung Neiegkeeten

Spärung vum Tunnel Markusbierg wéinst Testzeenarien (25.10.2020)

D’Stroossebauverwaltung an de CGDIS, a Kollaboratioun mat der ITM an

Eng Biergerlech Motioun am Kontext vun der Covid19-Pandemie
International Meenung Neiegkeeten

Eng Biergerlech Motioun am Kontext vun der Covid19-Pandemie

Déi Lëtzebuerger Sektioun vum EFVV (European Forum for Vaccine Vigilance)

Et goufen iwwert 6.000 Gebuerten am leschte Joer – mee ëmmer manner pro Fra
International Meenung Neiegkeeten

Et goufen iwwert 6.000 Gebuerten am leschte Joer – mee ëmmer manner pro Fra

Den Taux vun de Gebuerte geet am Land weider erof:

Déi war et sech Siche gaangen (Kommentéiert)

De Chef vun der EU-Diplomatie gëtt zu Moskau ridiculiséiert, den EU-Rotspresident huet keng Jicken an d‘EU-Kommissiounspresidentin ass… eng Fra

Déi war et sech Siche gaangen (Kommentéiert)

Wann eis Dirigenten net esou erbäermlech däämlech géifen optrieden, kéint ee sech jo nach mam Gedanken ufrënnen, datt politesch a mënschlech Krisen nëmmen am Dialog ze léise sinn. Leider hunn d‘Europäer sech net nëmmen an hiren Heemechte schlecht Leader gewielt, nee och Bréissel ass de Sëtz vun enger Elite där hiert erkläerten Zil et ze si schéngt, sech maximal ze blaméieren.

Nodeems de geriatresche Vertrieder vun der europäescher Aussepolitik sech, d‘Kommissioun an niewebäi déi ganz Europäesch Unioun beim Moskau-Besuch bis op d‘Schank blaméiert huet, war den Duo Von der Leyen/Michel, zu Ankara. Den EU-Rotspresident hat sech dem Sultan rektal ugebueden, d‘EU-Kommissiounspresidentin wollt sech uschléissen, gouf awer net bäigelooss.

Et ass dann och net esou, wéi wann et keng wichteg Themen hätt, déi d‘Bezéiung tëscht der Unioun an der Tierkei géife belaaschten. Flüchtlingsgestioun, Zollunioun, Visafräiheet… alles Saachen déi den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan interesséiere sollten. Gutt dee wéilt léiwer endlech Fortschrëtter a Punkto „Bäitrëtt“ gesinn, weess awer selwer, datt säi Beholl dat net zouléisst.

Natierlech war vu virera gewosst, datt dëse Besuch kengem vu béiden EU-Vertrieder géif gerecht ginn, dofir dem Sultan, dee just huet missen „hie selwer“ sinn. An esou gëtt sech um europäesche Polit-Parkett och net iwwer Mënscherechter, Rechtsstaatlechkeet an internationaalt Recht de Mond zerrappt, mee iwwert d‘Sëtzuerdnung beim Sultan, ee stramme Moslem ouni Anstand a Manéieren.

Woubäi… an der arabescher Welt, huet d‘Relioun, där hir Léieren a Grondsätz, ee groussen, fir net ze soe primäre Stellewäert, an d‘Fra ass entspriechend dem Sultan senger Interpretatioun, eenzeg an eleng do dem Mann ze déngen, Kanner ze kréien a sech gefällegst ze ënnerwerfen. Hien huet jo net d‘Istanbul-Konventioun gekënnegt, well him esou vill un de Rechter vun de Frae geleeën ass.

Sëtzuerdnung an enger Männerwelt

De Recep Tayyip Erdogan huet dës Inzeenéierung net zoufälleg gewielt, et ass allerdéngs elo och net wierklech Deel vum „Protokoll“. Jiddefalls ass et dem tierkesche President an dem President vum Europarot hei offensichtlech drëms gaange kloerzestellen: „Heibäi handelt et sech ëm en Treffen ënner Männer“. Zwee Männer = zwee Still; eng Fra = eng Couch. Däitlech genuch, oder?

Wann et der siwefacher Mamm a fréierer Krichsministesch siichtlech „net gefall“ huet, esou huet si de Courage elo och net gehat, hei d‘Treffen einfach ofzebriechen. Dobäi hätt si ganz liicht den Nol déif aschloe kënnen an de „möchtegern Macho“ Michel mat sengem neie Kumpel do sëtze loossen, de Besuch beendegen an d‘Heemrees ouni weidert Gebraddels untriede sollen. Mee dat geet net…

Tierkei-TripEt geet awer näischt iwwert eng zolidd Männerfrëndschaft. De Charles Michel an de Recep Tayyip Erdogan, zwee richteg Männer! © European Union

Et geet ëm Diplomatie, iwwer 4 Millioune Flüchtlingen déi d‘Tierkei am Optrag a géint ee klengen Obolus fir d‘Unioun versuergt, hu Gewiicht. An dann ass d‘Tierkei ee wichtegen NATO-Partner, ee gudden Handelspartner – zumindest fir Däitschland – an de Garant fir Stabilitéit an der arabescher Welt. Esou gëtt et och vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen presentéiert.

An der Tierkei – wéi wuel och dem Recht vun der arabescher Welt – ass ee ganz verwonnert, datt en Treffen ënner Männer esouvill Gespréich ervirrifft. Den Oflaf wier der Delegatioun bekannt gewiescht, an et géif ëmmer genee esouvill Still, wéi et männlech Gäscht géif ginn, Fraen hätte jo generell op Distanz ze goen. An de Belsch huet och keng Remarken zu Mënscherechter gemaach.

mat indymedia/tlv

Foto: Zwee Männer, zwee Still… d‘Fra hei am Bild sollt awer net eenzeg den Zweck erfëllen, dat Ganzt eppes méi faarweg ze gestalten, eigentlech sollt et sinn déi den Toun ugëtt. © European Union

Related topics Charles Michel, Europäesch Unioun, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei, Ursula von der Leyen
Next post Previous post