Search

You may also like

Eist Mokelchen ass e Béier mat richteg Charakter
Meenung

Eist Mokelchen ass e Béier mat richteg Charakter

Et gëtt och ënnert de seele gudde Béierzorten, deen een

dislike
Den Duerchbléck am Label-Dschungel
Meenung

Den Duerchbléck am Label-Dschungel

Promotioun vun de Landwirtschaftsproduiten ass dem Landwirtschaftsminister Fernand Etgen ee

Si hunn de Previsiounen net gegleeft (Kommentar)
Meenung

Si hunn de Previsiounen net gegleeft (Kommentar)

Datt sech no den Evenementer vun de leschten Deeg, och

Tierkei huet Angscht viru fräier Meenung op de soziale Netzwierker. A si sinn net eleng!

E Kommentar

Tierkei huet Angscht viru fräier Meenung op de soziale Netzwierker. A si sinn net eleng!

Wann een op de Soziale Netzwierker just nach mat Gläichgesënnte oder sech selwer schwätzt, da kënnt gären de Begrëff „Echo-Kummer“ zum Asaz. Meeschtens ergëtt sech dat vum selwen, bezéiungsweis doduercher, datt een als Notzer selwer eng Selektioun trëfft. Meenungen, déi engem selwer net passen oder zousoen, ginn doduercher ausgeblend. Dat ass wuel geféierlech, mee wat, wann de Staat selwer dofir suergt?

Mëttlerweil ginn et laut netzpolitik.org Hiweiser doropper, datt genau dat an der Tierkei geschitt. Persounen a Pagen op Facebook, déi sech kritesch vis a vis vun der tierkescher Regierung äussere verléiere bis op eemol Kollegen, Follower a Likes. Doduercher ginn net nëmmen déi Persounen isoléiert, mee och hier Usiicht verléiert enorm u Reechwäit. Datt Facebook an deene Fäll näischt ënnerhëlt, ass dat eent. Mee op der anerer säit ass offensichtlech ginn, wéi wichteg d’ëffentlech Meenung op de soziale Netzwierker gi sinn.

De Balance-Akt tëscht fräier Meenung an Hate-Speech-Management gëtt gäre mëssbraucht

Twitter probéiert aktuell och en anere Spagat. Si hunn sech mëttlerweil virgeholl, mi staark géint rietsen Extremismus, Rassismus, Sexismus an Harassment vir ze goen. Dat ass natierlech net mat der Meenungsënnerdréckung an der Tierkei ze verwiessele, weist awer, wéi komplex de Content-Managment op deene Netzwierker ass. Dobäi huet sech d’Plattform laang genuch domat gebretzt, Free Speech als en absolut d’Gutt héich ze halen. Datt dat no hanne lass gaangen ass, ass offensichtlech. Eleng d’Onzefriddenheet vun den Investoren seet villes aus. Mee och d’Tatsaach, datt aktiv Notzer ëmmer méi d’Netzwierk verloossen, well et mëttlerweil onerdréiglech op der Plattform ginn ass.

Mee grad déi Extremismen maachen d’Plattform oninteressant an droen dozou bäi, datt et ebe kee Meenungsaustausch gëtt. De Fall vun der Tierkei a Facebook weist, wéi ufälleg d’sozial Netzwierker fir Manipulatioune sinn, fir onbeléifte Meenungen ze ënnerdrécken. Mee Twitter weist, wéi eng onbegrenzte Handlungsfräiheet säitens de Notzer zu massive Problemer féiere kann.

Et ass zimlech offensichtlech, datt hei d‘Bedreiwer vun de soziale Netzwierker gefrot sinn. An tatsächlech schéngt sech do eppes ze doen, huet Twitter ëmmerhi mëttlerweil e Plang ausgeschafft, wéi se et wëllen ugoen an och bei Facebook gouf et an de leschte Joer Verbesserungen. An dach kommen ëmmer erëm Schlagzeilen, déi een dorunner zweiwele loossen.

Related topics Social Media, Tierkei
Next post Previous post