Search

You may also like

Sea-Watch: Eng Erënnerung un d’Tragödie vum 6. November 2017
International

Sea-Watch: Eng Erënnerung un d’Tragödie vum 6. November 2017

Och haut gëtt sech nach un den trageschen Asaz vu

Twitter wëll d‘Annonceure vu politesche Reklammen identifizéieren
International

Twitter wëll d‘Annonceure vu politesche Reklammen identifizéieren

Um Donneschdeg huet sech Twitter nei Richtlinne ginn, an huet

Wéi gutt kenns du dech mam Kanton Veianen aus?
International

Wéi gutt kenns du dech mam Kanton Veianen aus?

[onionbuzz quiz-id=74][/onionbuzz] Veianen ass zwar eise klengste Kanton, mee en

Tierkesche President omnipräsent bei Commemoratioun vum 15. Juli

Tierkesche President omnipräsent bei Commemoratioun vum 15. Juli

Vill Tierken haten um Samschdeg déi gutt – oder manner gutt- Iwwerraschung, jee no politescher Ausriichtung, hire President um Telefon ze hunn. De Recep Tayyip Erdogan huet hinnen iwwert dëse Wee ee Message matgedeelt, zum Éieren vum Joresdag vum verfeelte Putsch.

„Als President riichten ech un iech meng Wënsch fir den Dag vun der Demokratie an der nationaler Eenheet“ ass de staarke Mann aus Ankara an engem Enregistrement ze héieren. „Ech erfleeën d‘Matgefill vu Gott vir ons Märtyrer“ ass de President weider ze héieren. Domadder mécht hie Referenz un déi ronn 250 Affer vum Putschversuch den 15. Juli 2016.

Ee Message dee quasi Exklusiv vun „Turkcell“ a „Vodafone“ agespeist ginn ass. Dat sinn och déi zwee Haaptoperateuren an der Tierkei. Héiere konnten d‘Leit de Message esou bal se ee vun hire Kontakter uruffe wollten, deelt d‘Regierungs-Presseagence Anadolou mat.

Presidentiell Herrschaft 4.0

Op de President vun eleng op d‘Iddi komm ass, oder net esouguer d‘Marketingsstratege vun den Operateuren de Virschlag gemaach hunn, ass net bekannt. Et ass allerdéngs eng Initiative déi Wierkung huet. D‘Reaktiounen an de sozialen Netzwierker hunn net laang op sech waarde gelooss. Seng Unhänger ware verständlecherweis entzéckt, d‘Géigner éischter verstéiert.

„Et geet duer. Elo dréngt deen och nach an eis Telefonen an. (…) et ass wéi en Albdram“ bedauert déi Demarche en Deputéierte vun der Oppositiounspartei CHP (Sozial-Demokratesch Partei). Den Aykut Erdogdu, wann och elo net wierklech verwonnert, ass dann awer der Meenung, datt esou eng Initiative dees Gudden ze vill ass.

Schonn d‘läscht Joer, an den Deeg nom versichte Putsch, hu Milliounen Tierken eng SMS kritt déi mat „R.T.Erdogan“ ënnerschriwwe war. De Elengherrscher hat deemools seng Landsleit opgeruff hir heroesch Resistenz géint d‘Putschisten oprecht ze halen.

Mat haarder Hand regéieren

Bei sëllechen Optrëtter zu Istanbul, huet den Erdogan d‘Virwërf géint de Fettulah Gülen opriicht gehalen. „Ech verspriechen iech de Verréider de Kapp ofzeräissen“ esou de Recep Tayyip Erdogan bei enger Zeremonie, déi vun honnert dausenden Unhänger besicht war.

De villen Tierken déi him un de Lepsen gehaangen hunn, huet den Erdogan versprach d‘Doudesstrof nees anzeféieren. „Mir sinn ee Rechtsstaat. Wann et mir virgeluecht gëtt, nodeems et duerch d‘Parlament gaangen ass, da wäert ech deem zoustëmmen“ esou den tierkesche President. Wann ee bedenkt, datt seng AKP d‘Parlament am Grëff huet, sollt et net schwéier sinn dat Verspriechen och anzeléisen.

Wat all déi (presuméiert) Putschiste betrëfft déi agespaart gi sinn, esou huet den Erdogan och hei Virschléi. Hie géif et nawell gäre gesinn, wann déi Prisonéier, déi elo veruerteelt ginn, eng eenheetlech Uniform missten undoen. Inspiréiert ass de President do vu Guantanamo, dem US-Prisong op Kuba dee sech alle Rechtsgrondlagen entzitt.

Virgefouert a Virveruerteelt

„Vun elo un, presentéiere mer si (déi presuméiert Putschisten) dem Geriicht an enger Eenheetsklufft. Wéi zu Guantanamo, eng Uniform, se sollen als dat erkannt gi wat se sinn“ esou den Erdogan viru sengen Unhänger. Grondlag ass d‘Polemik déi entstane war, wéi een Ugeklote mat engem T-Shirt wou „Hero“ drop stoung, d‘läscht Woch virum Riichter opgetruede war. Fir de Mann aus Ankara en Affront dee sech dierf widderhuelen.

Vill Juriste gesinn awer an der „Uniform“ d‘Gefor vun der Virveruerteelung. Do géife Mënschen deenen ee bis zum Uerteel misst d‘Onscholdsvermuddung gutt halen, virgefouert. Datt de President säin Afloss geltend gemaach huet, an et nach just Riichter gëtt, déi sengem Wonsch no uerteelen, wier scho schlëmm genuch. Mat der „Uniform sinn se u sech scho schëlleg“ seet en Affekot dee – verständlech – wëll Anonym bleiwen

Um Samschdegowend huet de President nach ee Monument zu Éiere vun den Affer ageweit. D‘Bréck iwwert de Bosporus, wou et déi meescht Doudeg ginn huet, ass dann elo ëmbenannt ginn. Als „Bréck vun de Märtyrer vum 15. Juli“ soll se d‘Erënnerung op all Éiwegkeet erhalen. Uschléissend ass den Erdogan op Ankara geflunn, wou hie genee um 23.32 eng Ried ofgehalen huet. Dat war d‘Auerzäit wou ee Fliger d‘Assemblée bombardéiert hat.

mat AFP

Foto: Persounekult op der „Bréck vun de Märtyrer vum 15. Juli“. Honnert dausende Mënschen hunn un de sëlleche Manifestatiounen zu Istanbul deelgeholl. Den Dag vun der nationaler Eenheet, fir den Erdogan eng Reussite (© Ozan Kose/AFP)

Next post Previous post