Search

You may also like

Sonic Visions Festival 2019: De Fonke wollt net eriwwer sprangen
Uncategorized

Sonic Visions Festival 2019: De Fonke wollt net eriwwer sprangen

D’Escher Héichiewen hunn nees no Musek gejaut. Mam Sonic Visions

Sea-Eye lancéiert eng Petitioun zur Ariichtung vu séchere Fluchtweeër
Uncategorized

Sea-Eye lancéiert eng Petitioun zur Ariichtung vu séchere Fluchtweeër

D‘Taliban hunn sech Afghanistan zeréckgeholl a vun der Regierung kënnt

En neie Fliger fir d‘Luxembourg Air Rescue
Uncategorized

En neie Fliger fir d‘Luxembourg Air Rescue

Virun zwee Deeg ass en ukomm. De Learjet 45XR mat

Tierkescht Geriicht erdeelt Wikipedia eng Ofso

Tierkescht Geriicht erdeelt Wikipedia eng Ofso
AFP-Informatiounen no huet en tierkescht Geriicht eng Demande vu Wikipedia, fir hir Säit erëm fräi zougänglech ze maachen, ofgeleent. Dobäi gëtt sech op pro-Regierungs Presseagentur Anadolu beruff.
Wikipedia ass zënter leschtem Samschde an der Tierkei gespaart. D’Motivatioun soll de Verweis vu verschiddenen Artikelen dorobber sinn, datt tierkesch Regierung soll mat terroristeschen Organisatiounen zesumme schaffen.
Schonn de Mëttwoch huet den Omar Celik, de Chef vun der tierkescher Agence fir Kommunikatiounstechnologien an Informatiounen (BTK), ugekënnegt, datt de Site fir d’Tierkei onerreechbar wäert bleiwen, sou laang den Demande vun der Justiz net nogi gëtt.
Wikipedia ass net den eenzege Site, deen an der Tierkei gespaart ass: Och Youtube an Twitter hu scho missen dru gleewen. Allerdéngs loossen sech d’Spären och ëmgoen, zum Beispill mat engem VPN-Service (Virtual Private Network), deen engem eng aner IP-Address vermëttelt.
Related topics Internetzensur, Tierkei, Wikipedia
Next post Previous post