Search

You may also like

Rietsradikaalt Netzwierk an Éisträich gestéiert
Kultur Neiegkeeten

Rietsradikaalt Netzwierk an Éisträich gestéiert

An Éisträich, mee och a Bayern hunn d‘Autoritéiten déi lescht

What the Fakt – Dag vum Knätsch
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Dag vum Knätsch

Et ass vläicht een zéien Ulooss, awer haut ass am

Gallerie: Notting Hill Kavalkad
Kultur Neiegkeeten

Gallerie: Notting Hill Kavalkad

Op de Stroossen vu Notting Hill am Weste vu London,

Wa skurril Fantasie op Héngerhaut trëfft: Alles Guddes Tim Burton!

Wa skurril Fantasie op Héngerhaut trëfft: Alles Guddes Tim Burton!

Wat hunn d’Filmer Frankenweenie, Beetlejuice, Edward mit den Scherenhänden, Mars Attacks, Sleepy Hollow, Corpse Bride, Sweeney Todd, Charlie und die Schokoladenfabrik, Alice im Wunderland, oder och Nightmare Before Christmas gemeinsam? Ma, bei all dëse Filmer hat den aussergewéinleche Regisseur a Produzent Tim Burton seng begaabten Hänn am Spill.

Natierlech ass dëst just eng kleng Oplëschtung vu sengen erfollegräichste Filmer, seng ganz Filmographie géing eis hei de Kader sprengen.

Haut kann den Tim Burton 63. Käerzen op sengem Gebuertsdagskuch ausblosen – an och wann et eigentlech ëmgedréit ass – mir wënschen him eppes. Mir hoffen, datt dem Regisseur seng skurril Fantasie ni wäert ausgoen an datt hien seng Fans nach mat bombastesche Filmer beglécke wäert.

Zanter sengem Film Beetlejuice gehéiert den Tim Burton zu den erfollegräichste Regisseuren an Hollywood, mat de Joren huet hie säi besonnesche Stil ausgebaut. Fir e groussen Deel vu senge Wierker ass de Meeschter vun der faarweräicher Skurrilitéit am Joer 2007 mam Goldene Léiw fir säi Liewenswierk geéiert ginn. Ma deen huet e sech mat Recht verdéngt.

Den Tim Burton huet d’Begabung seng Charakteren dramatesch, tragesch an ironesch ze zeechnen – an egal wéi makaber d’Geschichten och sinn, de Spectateure fält all eenzelt Detail op. A genéisst se. Et ass offensichtlech, datt den Tim Burton säi ganzt Häerzblutt a seng Wierker stécht.

Fir vill Fans ass den Tim Burton onzertrennlech mam Johnny Depp verbonnen. Dat läit wahrscheinlech dorunner, datt de Regisseur dacks op kënneg Schauspiller zeréckgräift, mat deenen hie scho geschafft huet. An de versoffene Pirat vu Fluch der Karibik huet bei sou munche Filmer matgeschafft a wuel och en Deel zum Succès bäigedroen. Dësen ass souguer de Pätter vum Tim Burton senge Kanner.

Tim Burton
© Zhifei Zhou / unsplash

Och d’Helena Bonham Carter verdréit dem Tim Burton uerdentlech de Käpp – si deelen net nëmmen déi selwecht Usiichten, mee mat der Zäit och Dësch a Bett. Dat war wéinstens fir e puer Joer de Fall.

Wie weess, villäicht kann de Regisseur sou gutt mat dëse Mënsche schaffen, well si genee sou geckeg sinn, wéi den Tim Burton. Dat ass eppes Guddes – normal kann nämlech op Dauer langweileg sinn.

An der Reegel vermëscht den Tim Burton Horrorelementer mat Komedie, e perfekt Beispill ass hei den ale Film Mars Attack. Dës Science-Fiction-Komedie ass esou skurril a blöd, datt e scho bal net derlaanscht kënnt.

Wat net jiddwereen iwwert den Tim Burton weess – hien deet sech gäre schwaarz un. A firwat? Ma wëll e keng Zäit mat der Zesummestellung vu senger Garderob verbëtze wëll …

An och wann hien zum Erfolleg vu Planet der Affen bäigedroen huet – wosst Dir, datt de Regisseur panesch Angscht viru Schimpansen huet?

Den Tim Burton ass en Ausnametalent a bleift et nach hoffentlech laang. Mainstream hu mir genuch. Wat dem Regisseur elo nach feelt ass en Oscar. A mat där Meenung sti mir net eleng do.

Tim Burton

Opmaacherbild: Den Tim Burton op der San Diego Comic-Con (2012) © Gage Skidmore (CC BY-SA 2.0)

Related topics Alles Guddes, Beetlejuice, Frankenweenie, Gebuertsdag, Horror, Liewen an Dout, Nightmare Before Christmas, Regisseur, skurril Fantasie, Sleepy Hollow, Tim Burton
Next post Previous post