Search

You may also like

Shutdown: Zu Washington verhäerten sech d‘Fronten
Kultur Neiegkeeten

Shutdown: Zu Washington verhäerten sech d‘Fronten

Och den Zweete „Sommet“ am Wäissen Haus huet keng Léisung

Somalia: Terrormiliz al-Shabaab bekennt sech zum Attentat
Kultur Neiegkeeten

Somalia: Terrormiliz al-Shabaab bekennt sech zum Attentat

Interessante Revirement an der Affär mam Sprengstoffattentat zu Mogadischu, wou

Sinn des Wierder richteg geschriwwen? – 2
Kultur Neiegkeeten

Sinn des Wierder richteg geschriwwen? – 2

[onionbuzz quiz-id=72][/onionbuzz]   Et vergeet kaum en Dag, wou een

Timberen zu Éieren vum Prënz Charles sengem éischte Gebuertsdag

Timberen zu Éieren vum Prënz Charles sengem éischte Gebuertsdag

Fir Philatelisten, ambitionéiert Sammler an all Persounen, déi un Timberen, respektiv dem groussherzoglechen Haff interesséiert sinn, huet d’POST Lëtzebuerg eppes Exklusives unzebidden: Fir den 1. Gebuertsdag vu S.A.R. dem Prënz Charles gouf eng Rei vun 8 Timberen mat Andréck vu sengem éischte Liewensjoer erstallt.

Zousätzlech zum Blat mat den 8 Timberen ass eng Kaart, sou wéi e weideren eenzele speziellen Timber mam klenge Prënz drop kreéiert ginn. D’Fotografinne Sophie Margue a Céline Maia weise mat hiren Opnamen, wat sech zënter der Gebuert vum Prënz Charles, deen den 10. Mee 2020 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte d’Liicht vun der Welt erbléckt huet, gedoen huet.

De Prënz Charles ass dat éischt Kand an de ganze Stolz vu LL.AA.RR dem Ierfgroussherzog Guillaume an der Ierfgroussherzogin Stéphanie. A si mir emol éierlech, déi ganz Bevëlkerung freet sech ëmmer erëm, Neiegkeete vun dësem fotogene Jong gewuer ze ginn.

Timberen zu Éieren vum Prënz Charles sengem éischte Gebuertsdag
© POST Lëtzebuerg

E Méindeg, den 10. Mee 2021 wäert de Service POST Philately am Café Willem (1, Rue de la Reine an der Stad Lëtzebuerg) vun 10:00 bis 17:00 Auer present sinn fir d’Timberen an d’Kaart unzebidden. Zousätzlech dozou kann een dës speziell Eiditioun och am Guichet op der Cloche d’Or (13, Rue Robert Stümper – vun 9:00 bis 12:00 Auer a vun 13:00 bis 17:00 Auer), sou wéi online iwwert www.postphilately.lu kafen.

Opmaacherbild: Déi speziell Editioun un Timberen zum éischte Gebuertsdag vum Prënz Charles mat Fotoe vum groussherzoglechen Haff © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Related topics Céline Maia, éischte Gebuertsdag, Ierfgroussherzog Guillaume, Ierfgroussherzogin Stephanie, Post Lëtzebuerg, S.A.R. de Prënz Charles, Sophie Margue, Spezielle Carnet, Timberen
Next post Previous post