Search

You may also like

money
Däitschen Aarbechtsminister wëll e legale Kader fir Homeoffice schafen
International Neiegkeeten

Däitschen Aarbechtsminister wëll e legale Kader fir Homeoffice schafen

Mam „Mobile-Arbeit“ Gesetz wëll den däitschen Aarbechtsminister Hubertus Heil den

Outreach Youth Work probéiert d’Jugendaarbechtslosegkeet ze bekämpfen a feiert éischt Erfolleger
International Neiegkeeten

Outreach Youth Work probéiert d’Jugendaarbechtslosegkeet ze bekämpfen a feiert éischt Erfolleger

Et ass e Projet, deen sech eppes Schwéieres virgeholl huet.

Demo zu Berlin géint Mëssstänn am Irak
International Neiegkeeten

Demo zu Berlin géint Mëssstänn am Irak

Stoppt d’Gewalt géint di friddlech Demonstratiounen am Irak – Ënnert deem Motto

Titandioxid: De wäit verbreete wäisse Polver, deen ee meide sollt!

Titandioxid: De wäit verbreete wäisse Polver, deen ee meide sollt!

Hautdesdaags ass den Titandioxid ee vill genotzten Zousazstoff an eisen alldeegleche Produiten. Ob an der Kosmetik, Medikamenter oder a Liewensmëttel, d’Gefor vum TiO2 ass mëttlerweil bestätegt. Dobäi gëtt déi wäiss Substanz just genotzt, fir mat senger ophellender Eegeschaft d’Hellegkeet an de Wäissgrad vu Produiten ze verbesseren.

Et ass scho bal erschreckend, wéi vill Zousatzmëttel an eise Konsumgidder esou verstoppt sinn, déi leider och net ëmmer gutt fir eis Gesondheet sinn. Och den Titandioxid soll divers Gefore fir de Mënsch an d’Ëmwelt besëtze, wourop Nano-Kritiker scho säit Joren hiweisen.

Déi kleng Nanopartikel hunn duerch hir Gréisst nämlech eng aner Uewerfläch a weise soumat och eng aner biologesch Aktivitéit op. Bei äusserlecher Verwendung kënnen dës Partikel immens schnell iwwert d’Haut an/oder d’Schläimhaut an de Kierper kommen. Do geet d’Zännwäschen duer, vir seng deeglech Portioun vum Titandioxid ze kréien.

Virun bal engem Joerzéngt konnte Schwäizer a franséisch Wëssenschaftler beweisen, datt dëse Stoff an de mënschlechen Zellen een ähnleche Virgang un d’Rulle bréngt, wéi aner héichgëfteg Stoffer, wéi beispillsweis Asbest. Dobäi ginn Entzündungsreaktiounen ausgeléist, déi eist Gewebe an d’DNA beschiedege kënnen. Eng weider Etüd vum Januar 2017 gëtt un, datt den Titandioxid als Ursach vu guttaartegen Tumore gëlle kann, déi sech uschléissend zu béisaartegen Tumore virun entwéckel e kënnen.

Vu kierperleche Schied, engem schwaachen Immunsystem bis hin zu Kriibs

Eleng d’Partikelen, déi iwwert eis Long an de Bluttkreeslaf fléissen, kënnen an d’Liewer, d’Mëlz, d’Nieren, d’Häerz a souguer an d’Gehir wanderen. Bis ewell beschäftege sech d’Wëssenschaftler réischt mat der oraler Opnam vum Stoff, an awer kënnen si scho bestätegen, datt no reegelméisseger Titandioxidopnam de Kriibsrisiko immens klëmmt.

Och mat chroneschen Entzündungen am Darmprozess kann ee schliisslech duerch ee béisaartegen Tumor um Chemo-Cocktail hänken. Duerch hir Fuerschunge vun de Reaktioune vum Stoff op den Daarm kënnen natierlech nach keng Resultater fir d’Auswierkungen op de Rescht vum Kierper gemaach ginn. An awer kann ee sech bal denken, datt et fir d’Häerz, d’Liewer a Co net vill besser ausgesäit.

Als Faarfstoff an de Liewensmëttel

Säit iwwer 100 Joer gëtt den Titandioxid, och E171 genannt, an der Liewensmëttelindustrie als Faarfstoff genotzt. Doduerch soll d’Iesse méi liichten an uspriechend wierken. Vu Séissegkeete, bis hin zum Mozzarella kann een de wäisse Stoff notzen. Als Faarfstoff entsprécht den E171 den europäesche Rechtsvirschrëften a gëllt soumat net als geféierlech vir de Verbraucher.

Sou soll den Titandioxid duerch de Mo an de Verdauungssystem net an eise Bluttkreeslaf kommen. Mat enger Partikel-Gréisst vu 400 bis 700 Nanometer gehéiert de Stoff net zu den toxeschen Nanopartikelen.

Een Abléck an d’Produiten

De Gros vum Zousatzstoff gëtt vum mënschleche Kierper nees ausgescheet. Allerdéngs bleiwen d’Nanopartikel wuel vir länger Zäit am Daarmberäich. Den E171 ass beispillsweis a folgende Produiten ze fannen:

  • Knätsch a Kamellen (all Séissegkeet, déi liicht)
  • Pëllen
  • Schockela a Kichelcher
  • Kéis an hell Zoosen
  • Ergänzungsmëttel (z.B. Magnesium)
  • Zahnpasta, Sonnecreme
  • Uelechfaarwen a Faarf, fir unzesträichen
Related topics Faarfstoff, Gefor, Gesondheet, Kriibs, Titandioxid, Zousatzstoff
Next post Previous post