Search

You may also like

Frankräich: kloer Majoritéit fir „en Marche“
Meenung Neiegkeeten

Frankräich: kloer Majoritéit fir „en Marche“

De President vu Frankräich kann ouni gréisser Schwieregkeete säi Programm

De Katar ass am Viséier vun e puer Mannschaften
Meenung Neiegkeeten

De Katar ass am Viséier vun e puer Mannschaften

D’Weltmeeschterschaft 2022 a Katar suergt fir e bëssen Zännwéi. Verschidde

ULC: Wourop ee beim Kaf vu Spillsaachen oppasse muss
Meenung Neiegkeeten

ULC: Wourop ee beim Kaf vu Spillsaachen oppasse muss

De Kleesche kënnt geschwënn an och Chrëschtdag steet virun der Dier.

TNS-Ilres-Orakel erhiewe Ministesch an de politeschen Olymp

Kommentar zum Bertelsmann/Mediahuis Politmonitor

TNS-Ilres-Orakel erhiewe Ministesch an de politeschen Olymp

Friemlännesch beaflosst Medie bestellen sech „Resultater“ an ee international Unerkannten Institut liwwert. D‘TNS-Ilres, Heemescht vun der allwëssender Kristallkugel, behaapt vu sech ee féierend Institut fir Meenungsfuerschung, Sozialfuerschung a Marketingberodung zu Lëtzebuerg ze sinn, an dat stëmmt. Mee et gëtt alles vun der ALIA iwwerwaacht, also datt et Gesetzeskonform ass…

Wann d‘TNS-Ilres elo eng Schlësselpositioun bekleet, esou huet si awer och ee grousse Geldhonger a versteet et seng Etüden esou auszeriichten, datt se dem Client/Mandataire gefälleg sinn. Dat gëllt esou och fir dee vum däitsche Mediekonzern Bertelsmann a Kooperatioun mam hollännesche Mediegrupp Mediahuis bestallte Politmonitor. Et si Resultater wéi ee sech se besser net denke kann.

Gutt elo kann ee gleewe wat een do liest, also datt d‘Regierungsmemberen déi éischt fënnef Plaze beleeën, an d‘Oppositioun sech och behaapte kann, mee wéi esou oft, feelt et un Hannergrënn an eis däitsch an hollännesch Kolleege di schonn uecht, datt hei alles entspriechend hirer editorialer Linn presentéiert gëtt. Woubäi wierklech komplizéiert ass et net, et geet jo och ëm Marketing, oder?

Datt elo am Politmonitor d‘Gesondheetsministesch, den Ausseminister an de Premierminister de Podium stellen, steet natierlech net am Zesummenhang mam geheime Staatsvertrag, an datt den Deputéierte Sven Clement den Accord mat RTL-Group zolidd op de Leescht geholl huet, näischt mat senger exzellenter Placéierung (Plaz 7) an dësem mediëfinanzéierte Sondage ze dinn.

Alles berout op wëssenschaftlechen Erkenntnisser, näischt bezitt sech op eng wirtschaftspolitesch Aflossnam. 1.127 Mënschen iwwer 18 Joer mat Walrecht goufe befrot: 163 am Bezierk Osten, 189 am Bezierk Norden, 332 am Bezierk Zentrum an 443 am Bezierk Süden. Bei engem Total vun 249.493 Wieler (8. August 2017) gëllt dës Zuel „wëssenschaftlech“ dann och als representativ.

Wann elo 0,45% Bierger déi Lëtzebuerger Gesellschaft representéieren, an nach gewosst ass, datt de Gros vun de Sondéierte generell un all Sondage deelhëlt, kann et verstéieren. Mee de Lëtzebuerger Boss vun der TNS-Ilres, Tommy Klein, kann all Zweiwel ausraumen. Datt RTL (Bertelsmann), St. Paul (Mediahuis), mee och Editpress an anerer säit 1984 Participatiounen hunn, spillt hei net mat.

Illustratioun: © Celpax / unsplash

Related topics ALIA, Bertelsmann, Mediahuis, Politmonitor, Sondage, TNS-Ilres
Next post Previous post