Search

You may also like

Koalitiounsaccord: fir eng Legaliséierung vum rekreative Cannabis
International Neiegkeeten Sport

Koalitiounsaccord: fir eng Legaliséierung vum rekreative Cannabis

Déi dräi Koalitiounsparteien (DP, déi gréng an LSAP) hu bei

Mazedonien wëll an d’EU
International Neiegkeeten Sport

Mazedonien wëll an d’EU

De Sozialdemokrat Zoran Zaev, deen haut als Premierminister vu Mazedonien

Bangladesch: Groussbrand am gréisste weltwäite Flüchtlingscamp
International Neiegkeeten Sport

Bangladesch: Groussbrand am gréisste weltwäite Flüchtlingscamp

Aktuellen Informatiounen no brennt et am Flüchtingscamp an Cox’s Bazar,

Tokio2020: Gekréinte Besuch fir déi XXIX. Spiller

Tokio2020: Gekréinte Besuch fir déi XXIX. Spiller

Wéi d‘Haus vum Groussherzog informéiert, ass de Groussherzog Henri, dee jo och Member vum Lëtzebuerger Olympesche Comité (COSL) ass, vun haut un a bis zum 26. Juli a Japan. Am Kader vun dëser Visite, hëlt de Groussherzog selbstverständlech un der Ouverture vun dëse besonnesche Spiller deel.

Am Kontext vu sengem Deplacement ass virgesinn, datt de Groussherzog Henri och d‘Athlete vum Team Lëtzebuerg wärend hire Kompetitiounen ënnerstëtze wäert. Dat selbstverständlech ënner dem anhale vun alle Schutzmoossnamen, déi sech am Kader vum Covid19-Noutstand zu Tokio opdränge well et schonn Infektiounsfäll huet. Um Programm steet dann nach déi 138. Session vum IOC.

D‘Spiller vun Tokio, déi eigentlech hätten 2020 stattfannen, goufe wéinst der Pandemie verluecht, a fannen elo, wou zu Tokio de sanitären Noutstand ausgeruff ginn ass, vollstänneg ouni Public statt. Eenzeg Fonctionnairen, Regierungsvertrieder an d‘Begleeder vun der Sportler sinn zougelooss. De Sportminister Dan Kersch, huet seng Bedeelegung un de Spiller allerdéngs schonn ofgesot.

Illustratioun: © Martijn Baudoin / unsplash

Related topics COSL, Groussherzog, IOC, Japan, Olympesch Spiller, Tokio2020
Next post Previous post