Search

You may also like

Strukture fir Refugiéeën: Zäit e klenge Punkt ze maachen
Kultur Neiegkeeten

Strukture fir Refugiéeën: Zäit e klenge Punkt ze maachen

De 25. Juli huet den CSV-Deputéierte Paul Galles vun der

Sea-Watch 4: Iwwer 200 Mënschen a manner wéi 48 Stonne gerett
Kultur Neiegkeeten

Sea-Watch 4: Iwwer 200 Mënschen a manner wéi 48 Stonne gerett

Mol keng 24 Stonnen no der éischter Sea-Watch Meldung koum

Éischt Sëtzung beim Mediateur
Kultur Neiegkeeten

Éischt Sëtzung beim Mediateur

Well sech d‘Direktioun vun der Cargolux strieft senge Mataarbechter e

Tom & Greg: Spezial Confinement-Episode vun der Webserie W.

Tom & Greg: Spezial Confinement-Episode vun der Webserie W.

D’Kreativitéit an d’Motivatioun vu Six.-Letters hëlt keen Enn. No der erfollegräicher Lëtzebuerger Webserie W., déi am Abrëll 2020 souguer um DC Web Fest eng Auszeechnung kritt huet, presentéiert d’Ekipp säi jéngste Projet: D’Serie Tom & Greg knäppt zwar zu W. un, zielt trotzdeem seng eege Geschicht.

An 3 Episoden handelt Tom & Greg zum Deel vum Confinement, gräift awer ee Sujet op, dee wuel jiddwerengem um Häerze läit. Déi éischt Folg ass zënter en Donneschdeg Mëtteg, déi Zweet säit gëschter wéi gewinnt op Facebook a YouTube ze fanne sinn. Haut gëtt mam leschten Deel d’Serie ofgerënnt.

Fir d’Aventure konnt Six.-Letters op d’Aarbecht vun de Schauspiller Fränk Grotz a Jérôme Burelbach zielen.Houfreg ass een och op zwee nei Schauspiller, déi sech bereet hu matzewierken: D’Larissa Faber an de Raoul Schlechter.

Ëm de Sound Design an Mix huet sech de Luca Theis gekëmmert, wärend d’Musék vum Daniel Balthasar geséchert konnt ginn. Extra fir déi nei Serie huet de Lëtzebuerger Museker, nieft der Kreatioun vu sengem zweeten Album, Zäit fonnt fir ze hëllefen.

Related topics Confinement, Daniel Balthasar, Episoden, Six Letters, Tom & Greg, Tom and Greg, Video, W., Webserie, Youtube
Next post Previous post