Search

You may also like

Gemengen Zukunftsfit maachen
Neiegkeeten Sport

Gemengen Zukunftsfit maachen

Leschte Méindeg 21. Januar huet d‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) d‘Vertrieder

Pandemie: D’VDL informéiert iwwer Ofsoen an Ännerungen
Neiegkeeten Sport

Pandemie: D’VDL informéiert iwwer Ofsoen an Ännerungen

Am Kontext vun der aktueller Lag vun den Infektiounszuelen deelt

Waffestëllstand vum 11. November: Feierlech Zeremonie och zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten Sport

Waffestëllstand vum 11. November: Feierlech Zeremonie och zu Lëtzebuerg

Nodeems de Premierminister an déi groussherzoglech Koppel mueres zu Paräis,

Olympionik Tom Habscheid zitt seng Reverenz

Olympionik Tom Habscheid zitt seng Reverenz

Knapp eng Woch nom Enn vun de paralympesche Spiller zu Tokio, huet den Tom Habscheid ee Sonndeg annoncéiert, seng international Carrière als Para-Liichtathlet ze beendegen.

Den Athlet, deen sech als véiertbeschte Kugelstousse bei de paralympesch Spiller ervirgedoen huet erkläert: „Et ass schwéier a Wierder ze faassen. Déi lescht Méint hu mech, mäin Trainer an eis Famillje vill Kraaft kascht. Ech hu vill groussaarteg Mënschen a menger Carrière kennegeléiert, an hu mech als Mënsch duerch de Sport weiderentwéckelt. Ech soen iech all Merci, deenen, déi ëmmer am Hannergrond fir mech do waren, an deenen, déi direkt matgewierkt hunn“.

An de Marc Schreiner, President vum Lëtzebuerger Paralympesche-Comité (LPC) notéiert: „Den Tom huet net nëmmen an dësem Joer, mee och schonn an de Jore virdrun ënner Beweis gestallt, datt hien zu de Weltbeschte Para-Athleten a senger Disziplin gehéiert. De beschte Beweis dofir ass säi Weltrekord. Duerch seng Leeschtungen huet hie gewisen, wat ee mat vill Fläiss an Éiergäiz erreeche kann. Den Tom ass eng Visittekaart fir de Para-Sport a mir wënschen him alles Gutts op sengem zukünftege Liewenswee“.

Foto: LPC (Handout)

Related topics Kugelstoussen, Lëtzebuerger Paralympesche-Comité, Para-Athlet, Tokio2020, Tom Habscheid
Next post Previous post