Search

You may also like

Muss de Gesondheetssecteur zwangsgeimpft ginn?
Meenung

Muss de Gesondheetssecteur zwangsgeimpft ginn?

Groussbritannien huet sech derzou entscheet, Frankräich well et zum 1.

What the Fakt – De Roland Emmerich kritt 63 Joer
Meenung

What the Fakt – De Roland Emmerich kritt 63 Joer

Hien ass ee Regisseur den säi Publikum an Angscht viru

IZULU Water: Mat engem klenge Geste géint den Honger hëllefen!
Meenung

IZULU Water: Mat engem klenge Geste géint den Honger hëllefen!

D’Situatioun an den äermste Géigende vu Südafrika ass an Zäite

De Kampf mat der Internet-Zwiwwel

De Kampf mat der Internet-Zwiwwel

Wien sech bei dem Titel mäi lang ersehntent Cyber-Monster-Mystery-Buch vermutt, läit leider falsch. Hei geet et em d’Tor-Netzwierk, engem Deel vum Internet, dee speziell geséchert ass, an nëmme mat bestëmmte Mëttelen ze erreechen ass. E suergt dofir, datt Leit d’Netz benotze kënnen, ouni vun autoritären oder ënnerdréckereschen Staaten kënne zenséiert ze ginn. Mee d’Netzwierk ass ëmmer méi am Fokus vun de Geheimdéngschter geréckelt: Si géifen am léifsten alles probéieren, fir et ze knacken.

Et ass bei wäitem net déi éischte Kéier, datt dëst probéiert gëtt. Et ass theoretesch op mannst machbar, missten d’Geheimdéngschter d’Schwächte vum System dach kennen – si hunn e selwer matdesignt. Mee bis elo gouf et keng grouss Erfolleger. Tor – en Netzwierk, dat seng Notzer anonymiséiert, andeems et e puer Serveren tëscht Notzer an Zillsäit stellt (staark verinfacht, d’Realitéit ass méi komplex) – ass a bleift anonym.

Datt et soll geknackt ginn gëtt gären domadder begrënnt, datt vill kriminell Geschäfter, Aktivitéiten a Material op deene Siten ze fanne sinn. Dat féiert zum düsteren an deels topege Numm „Darknet“ – wat bestëmmt an iergendengem Fantasy-Roman aus den 80er fir eng riseg Spann oder sou benotzt ginn ass – an dat ganzt zimlech negativ erschénge léisst. Dommerweis ass dat nëmmen eng Saach, woufir den „Darknet“ (et kléngt besser, wann een et wéi den Dr. Evil seet) benotzt gëtt. Wien beispillsweis a China e fräien Acces zum Internet wëll hunn, dee kann dat nëmmen domatter maachen.

Well maache mer eis näischt fir, soubal e Geheimdéngscht et knackt, fir am Numm vun der Gerechtegkeet Drogendealer a Pedoen ze fänken, wëssen Diktaturen an opressiv Regimer och, wéi se mat hiren Dissidenten emsprange kënnen, fir datt se keen Zougang méi hunn. An domatter ass dann e weitert Stéck Meenungs- a Gedankefräheet entgülteg fort. An dann hu mer nach guer net dovunner geschwat, wéi nëtzlech et fir Journalisten ass, fir Recherchen ze bedreiwen. Et wier also e reegelrechten Ugrëff op d’Demokratie, den Internet esou ze beschneiden, wéi d’Geheimdéngschter dat elo vir hunn.

Related topics Darknet, Geheimdéngschter, Internet, TOR
Next post Previous post