Search

You may also like

Wéi vill Afghanen soll wien ophuelen?
International Neiegkeeten

Wéi vill Afghanen soll wien ophuelen?

An enger Sonner- an Drénglechkeetssëtzung vum Rot „Justiz a bannenzeg

Wahlen an Éisträich: ÖVP erwaart victoriéis
International Neiegkeeten

Wahlen an Éisträich: ÖVP erwaart victoriéis

Dem Sebastian Kurz seng ÖVP geet mat gutt 38%, däitlech

Neie Stroossebelag fir d‘Clausen- an d‘Neiduerf-Strooss
International Neiegkeeten

Neie Stroossebelag fir d‘Clausen- an d‘Neiduerf-Strooss

Vum 11. bis den 13. September kritt de Stroossebelag an

Tornado zerstéiert 92 Wunnengen zu Beauraing

Tornado zerstéiert 92 Wunnengen zu Beauraing

Et war eng beweegten Nuecht déi sech vun e Samschdeg op e Sonndeg iwwert d‘Wallonie geluecht hat. En Tornado huet an der Provënz Namur d‘Klengstad Beauraing ganz zolidd an d‘Zaang geholl. Och méi grouss Stied wéi Namur a Rochefort ware betraff. D‘Provënze Léck a Luxembourg hunn och hiren Deel ofkritt.

De Video deen de Mathieu Demaret op senger Facebooksäit verëffentlecht huet, ass beim Domaine vum Moulin d‘Eprave opgeholl ginn. Hien huet géintiwwer de Kolleege vun der RTBF erkläert: „Et huet ee puer liicht Blesséierter ginn. Vun Dosenden Haiser gouf den Daach gerappt. En Auto gouf vun engem Bam zerdréckt, an elektresch Pottoen si wéi Fixspéin ëmgeknéckt ginn. D‘ganz Nuecht iwwer hat ee kee Stroum méi“.


© Mat Dem / via facebook

Et sinn knapp zéng Kilometer vun der Mille bis op Beauraing, wou d‘Autoritéiten dann däitlech vun engem Tornado schwätzen, deen – änlech wéi am August 2019 zu Käerjeng – bannent Minutten déi ganz Klengstad am Wiergegrëff hat. Den Ubléck deen de Leit an den Autoritéiten, um Sonndeg net erspuert bliwwen ass, léist engem d‘Dronkenellen ausgoen.

Wann engem déi ofgedeckten Diecher schon en Androck vermëttelen, wéi hefteg de Stuerm muss gewiescht sinn. Wann ee gesäit wéi d‘Autoen duerch d‘Géigend muss geschleidert gi sinn, gëtt et engem Baang ëm d‘Häerz. D’Multifunktiounshal vun der Schoul „Notre-Dame du Sacré-Coeur“ gouf integral vum Tornado „geplënnert“. De Bilan ass entspriechend schwéier ausgefall.

Alles an allem goufen 92 Haiser staark beschiedegt, eng Dosen dovunner sinn onbewunnbar. Sechs Leit konnte relogéiert, fir aner gëtt nach no enger Léisung gesicht. E puer betraffen Awunner sinn vun anere Leit aus der Stad opgeholl ginn, mee och fir si brauch et elo zäitno eng Ënnerkonft. Leider gouf et och Blesséierter. 17 Persounen, esou d‘Rettungsdéngschter, goufe liicht verletzt. Dovunner 13 déi zum Ament vum Virfall op enger Terrass vun engem Bistro gesiess waren.

Wat soss nach war

Zu Laloux (bei Rochefort) ass den Dach vun der Kierch an de Klackentuerm fortgeflunn, zu Saint Servais (bei Namur) ass de Blëtz an en Haus ageschloen. Am Oste vun der Wallonie sinn d‘Rettungsdéngschter op iwwer 40 Asätz geruff ginn. Bei dëse gouf et glécklecherweis weder Affer nach Blesséierter. Op all dëse Plaze waren d‘Pompjeeë bis moies 4 Auer am Dauerasaz.


© Olivier Demoors / via Facebook

Fir d‘Provënz Luxembourg sinn et eng honnert Asätz déi vun den Autoritéite gemellt ginn. Hei ware Libramont a Bras déi am stäerkste betraffe Lokalitéiten. Och an der Provënz Léck haten d‘Rettungsdéngschter eng fofzeg Asätz ze bewältegen.

Datt esou Wieder weder normal nach ongeféierlech sinn, dat wësse mir jo zu Lëtzebuerg elo och aus „Erfarung“. D‘Experte ginn dovunner aus, datt mir eis wäerten dru gewinne mussen, datt sech esou Wiederexzesser an ëmmer méi kuerzen Ofstänn entwéckelen. Mee och dës Hiweiser op ee méigleche Klimawandel ginn nach ëmmer vun de meeschte Mënschen a Fro gestallt. Et fänkt elo awer un, zur direkter Bedreeung ze ginn…

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Rachel Sanner / unsplash

Related topics Beauraing, Belsch, Tornado, Wallonie
Next post Previous post