Search

You may also like

Editorial: Et ass nach keen Déier doutgeheemelt ginn
Neiegkeeten

Editorial: Et ass nach keen Déier doutgeheemelt ginn

No enger Reportage vun RTL, wou et ëm den zweiwelhaften

Verkënnt d‘Stad Lëtzebuerg zum Getto fir déi „Räich“
Neiegkeeten

Verkënnt d‘Stad Lëtzebuerg zum Getto fir déi „Räich“

Ouni sozial Mixitéit kann et keng sozial Kohäsioun ginn, firwat

Däitschland: De Faschisten de Geldkrunn zoudréinen
Neiegkeeten

Däitschland: De Faschisten de Geldkrunn zoudréinen

D‘Bundesverfassungsgeriicht zu Karlsruhe muss sech op en Neits mat engem

De Pontalize vum CHNP huet en neien Direkter

De Pontalize vum CHNP huet en neien Direkter

Den Torsten Jakobs ass vun de Membere vum Verwaltungsrot vum CHNP zum neien Direkter vum Pontalize ernannt ginn. De Beschloss, deen eestëmmeg gefaasst gouf, ass zënter dem 1. Februar 2021 gülteg.

Den Dr. Michel Nathan, Virsëtzende vum Verwaltungsrot lueft, datt den Torsten Jacobs d’Fleeg als aktiv Partnerschaft tëscht dem Versuerger an dem Client gesäit. Hien versetzt sech an d’Lag vun de Bewunner, wat et him erméiglecht Problemer ze erkennen an déi passend Moossnamen ze ergräifen. Dës Fäegkeet ka just duerch eng qualitativ héichwäerteg Erfarung erméiglecht ginn.

Den Här Jacobs ass mat deenen Aufgaben, déi mat senger neier Positioun verbonne sinn, beschtens vertraut – zemools am Beräich vun der Personalféierung, dem Kontakt mat de Bewunner, Budgetverwaltung, Projeten a Qualitéit vun der Fleeg.

„Ech freeë mech, zesumme mat de Familljen, de Bewunner déi néideg a besonnesch Opmierksamkeet ze ginn an op hier Bedürfnisser anzegoen, an dës soumat an de Mëttelpunkt vum professionellen Handelen am Pontalize ze stellen“, erkläert den Torsten Jacobs.

An enger hektescher Welt, déi duerch ze séier Impulser regéiert gëtt, wëll hien den Anker sinn: „Ech wäert mech fir Rou a Stabilitéit asetzen, natierlech an engem professionelle Kader. D’Liewe soll an de Mëttelpunkt vu senge villfältegen Aktivitéite gestallt ginn.“

Am léifsten huet den Torsten Jacobs hierarchesch Strukturen, hie leet grousse Wäert op Multidisziplinaritéit, dat et erméiglecht, de Bewunner e komplett Leschtungsspektrum unzebidden. Ausserdeem besteet hien op reegelméisseg a konsequent Kommunikatioun, Transparenz a géigesäitegt Léieren, woubäi och d’Schafung vun enger Feelerkultur net feele soll.

Den neien Direkter bléckt mat Zouversiicht a Courage an d’Zukunft. No sengem éischten Erfarungen an däitsche Spideeler, ass hien zanter 2001 zu Lëtzebuerg täteg.

Mat Freed a Motivatioun bléckt hien op seng nei Tâche: „D’Vertrauen, dat de Verwaltungsrot mir entgéint bréngt, motivéiert mech nach méi. Fir mech geet et drëms, d’Bewunner vum Pontalize an de Mëttelpunkt ze stellen an eng exzellent Versuergung sécherzestellen. Dëst soll am enke Kontakt mat der Famill geschéien.

Related topics Aktivitéiten, CHNP, Erfarung, Kommunikatioun, Motivatioun, neien Direkter, Pontalize, Torsten Jakobs, Verwaltungsrot
Next post Previous post